Search

You may also like

E voll gepaakt Déierchen
International Kultur Neiegkeeten

E voll gepaakt Déierchen

E gutt Buch muss keng honnerte Säiten hunn. Et muss

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass
International Kultur Neiegkeeten

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass

De Misär eng Parkplaz ze fannen, déi méiglechst och ze

Fage: Enn vun enger onméiglecher Geschicht
International Kultur Neiegkeeten

Fage: Enn vun enger onméiglecher Geschicht

Den onsënnege Projet vun enger Jughurtsfabrick zu Beetebuerg ass definitiv

Rüdiger Hoffmann – ee lëschtege Komedie-Cosmos zu Saarlouis!

Rüdiger Hoffmann – ee lëschtege Komedie-Cosmos zu Saarlouis!

Als „Gott vun der däitscher Comedy“ oder „Superstar vun der Spaassgesellschaft“ géif de Rüdiger Hoffmann sech natierlech nimools selwer bezeechent. Mee et nëtzt jo näischt: Et muss een der Wouerrecht einfach an d’Ae kucken. Effektiv gehéiert de Paderboner säit Joerzéngten zu den absoluten Top-Kënschtler vun der däitscher Comedy-Zeen!

D’Resultat vu senger bis haut steigender Popularitéit: Gëlle Schallplacken, een treit Milliouneepublikum an souguer een Optrëtt am Virprogramm vun de Rolling Stones. Elo kritt Dir d’Méiglechkeet hien mat sengem neie Programm live ze gesinn, an zwar Freides de 24. Mee am Theater am Ring zu Saarlouis.

An de leschten zwanzesch Joer konnt de lëschtege Kärel mat insgesamt 11 Bühnenshows erfollegräich duerch d’Republik zéien. Momentan begeeschtert hie seng Fans mat „Ich hab’s doch nur gutt gemeint…“. Ee festen an ëmmer ëmjubelte Bestanddeel vun all Show ass den Zugabenblock, an deem de Rüdiger Hoffmann eng Auswiel vu senge legendäre Klassiker presentéiert. An dovun huet hien der jo genuch: de Goethe hat zwar säi „Faust“, an d’Stones hire „Satisfaction“ – mee dëse Komedien huet direkt ee risegt Repertoire u formidabele Comedy-Evergreens!

Virun allem säi berühmten „Ja hallo erstmal. Ich weiß nicht, ob Sie es wussten…“ ka ganz Comedy-Däitschland mëttlerweil auswenneg matschwätzen. Fir all seng Fans huet de Rüdiger Hoffmann elo een decke Pak vu sengem BEST OF. Wärend zwou Stonne gëtt esou een Highlight nom anere gebueden, woubäi seng beléift Figuren, wéi de Malte oder den Olaf, natierlech net feelen dierfen.

Eng Besonneschkeet hu mir awer nach! Säin aktuelle Programm ass aktiv vun de Fans matbestëmmt ginn – Demokratie pur souzesoen, ze vergläiche mat der Brexit-Ofstëmmung, just mat engem méi lëschtegen Ausgang. Um offizielle Site vum Komedien www.ruedigerhoffmann.com konnt een nämlech fir seng perséinlech Lieblingsnummer ofstëmmen an esou d’Show beaflossen. Schliisslech soll jiddwereen op seng Käschte kommen.

Weider Informatiounen

Tickete sinn am Virverkaf fir 27,80 € inklusiv Fraisen ze kréine. Zu Lëtzebuerg fënnt een se bei all Weber Voyages, Asport, Ticketservice, beim Trifolion Iechternach a beim Ticket Service Luxembourg, sou wéi och um Internet ënnert www.kultopolis.com. D’Ticket-Hotline ass 20 30 10 11. Mir wënsche vill Spaass!

Opmaacherbild: © Nadine Dilly

Related topics Best Of, Ja hallo erstmal, Komedie, Rüdiger Hoffmann, Saarlouis, Theater am Ring
Next post Previous post