Sober Buddy Challenge: E Mount ouni Alkohol
Schonn iwwer 2.000 Buddys – englesch fir „Kollegen“ oder „Komeroden“
Schonn iwwer 2.000 Buddys – englesch fir „Kollegen“ oder „Komeroden“
Den US-President, deem vill dru geleeë war am Virfeld vum
Doduerch kënnt et zu folgenden Ännerungen op de Stater Stroossen:
Samschdes, den 10. Oktober ab 12:00 Auer
Duerch d’Fraise-Aarbechten an der Rue Christophe Plantin, tëscht der Route d’Esch an der Rue Charles Darwin, dierf kee Gefier an dësem Beräich zirkuléieren a stationéieren. Den Zougang zu de Geschäfter an der Strooss ass zu all Ament iwwert de Boulevard de Kockelscheuer an d’Rue Charles Darwin méiglech.
Vu Sonndes, den 11. Oktober ab 6:00 Auer bis Méindes, den 12. Oktober bis 5:00 Auer
D’Rue Christophe Plantin bleift och beim Verleeë vum Stroossebelag gespaart. D’Stad Lëtzebuerg réit allen Awunner aus der Strooss hiert Gefier um Sonndeg ausserhalb vun der concernéierter Zon ze parken.
Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm déi adequat Beschëlderung. Sollten d’Wiederkonditioune schlecht sinn, ginn d’Aarbechten op e spéideren Zäitpunkt verluecht.
D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.