Search

You may also like

Kenns du di däitsch Nimm vun dësen Uertschaften, Häff a Lieu-Diten?
Neiegkeeten

Kenns du di däitsch Nimm vun dësen Uertschaften, Häff a Lieu-Diten?

[onionbuzz quiz-id=46][/onionbuzz] Datt Uertschaften hei am Land e puer Nimm

money
Luxair: De Benefice ëm 3 Millioune gesteigert
Neiegkeeten

Luxair: De Benefice ëm 3 Millioune gesteigert

Mat engem Benefice vun 12,5 Milliounen Euro fir 2018, konnt

Privatiséierung als leschten Auswee
Neiegkeeten

Privatiséierung als leschten Auswee

Privat Sécherheetsfirmae solle vun Dezember 2020 bis Januar 2021 an

Dës Servicer sinn an d’Rue Notre-Dame geplënnert

Dës Servicer sinn an d’Rue Notre-Dame geplënnert

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt zuelräich Servicer vun der Haaptstad plënneren, respektiv geplënnert an elo op der Adress 13, rue Notre-Dame ze fanne sinn.

Heizou gehéiert:

  • Service Impositions Communales: Dëse Service huet haut zou, mécht awer muer (6. Oktober 2020) nees zu de gewinnten Zäiten op (Méindes bis Freides vun 8:00 bis 11:30 Auer a vun 13:30 bis 17:00 Auer);

  • Médiateurs de Chantiers: Ab haut befënnt sech dëse Service um Red-de-Chaussée vum Gebai an ass vu Méindes bis Freides vun 8:30 bis 17:00 Auer op. Bei Froe kann een och uruffen (Tel.: 4796-4343) oder e Mail schreiwen (chantiers@vdl.lu);

  • Cellule Développement économique et commercial: Ab e Freideg, den 9. Oktober 2020 mécht dëse Service nees seng Dieren op, an zwar vu Méindes bis Freides vun 9:00 bis 12:00 Auer a vun 14:00 eis 17:00 Auer. Bei Froe kann een d’Ekipp via Telefon (Tel.: 4796-2927) oder Mail (dec@vdl.lu) erreechen;

  • Service Intégration et besoins spécifiques: Wärend dem Plënneren vum 8. an 9. Oktober kann een de Service iwwert d’Noutfallnummer (Tel. 691 96 44 47) erreechen. Ab e Méindeg, den 12. Oktober kënnen d’Clienten zu de gewinnten Zäite kommen (Méindes bis Freides vun 8:00 bis 12:00 Auer a vun 14:00 bis 16:00 Auer, wéi och op Rendez-vous).

Weider Informatiounen

Wien den ëffentlechen Transport notze wëll, fir op déi nei Adress ze kommen, dee sollt um Arrêt F.D. Roosevelt (Linnen 1, 2, 3, 4, 5, 6, 9, 10, 11, 13, 14, 15, 16, 18, 21, 22, 28, 30, 31) an um Arrêt Cathédrale (Linnen 19 an 32) erausklammen.

Den ënnerierdesche Parking „Knuedler“ an de Parking op der Place de la Constitution befanne sech an direkter Proximitéit zu de Servicer. Parkplaze fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit ginn et an der Rue Notre-Dame.

Related topics 13 Rue Notre-Dame, Cellule Développement économique et commercial, Ëffentlechen Transport, Médiateurs de Chantiers, Parking, Service Impositions Communales, Service Intégration et Besoins Spécifiques, Stad Lëtzebuerg, VDL
Next post Previous post