Search

You may also like

Frankfurter Buchmesse 2020: Kee Lëtzebuerger Stand
International Neiegkeeten

Frankfurter Buchmesse 2020: Kee Lëtzebuerger Stand

Enn Mee gouf ugekënnegt, datt d’Editioun 2020 vun der Frankfurter

Elo wëll Berlin och Akzenter setzen
International Neiegkeeten

Elo wëll Berlin och Akzenter setzen

Berlin an d‘Bundeslänner verlängeren a verschäerfen den Hausarrest bis zum

An de sozialen Netzwierker sinn Fake-News ënnerwee
International Neiegkeeten

An de sozialen Netzwierker sinn Fake-News ënnerwee

Eng Etüd huet erginn, datt Facebook-Poste mat falschen Informatioune sechsmol

Russesch-amerikanesch Realpolitik

De Sommet tëscht dem Vladimir Putin an dem Joe Biden wäert net déi gréisste Spuren an de Geschichtsbicher hannerloossen, an awer dierf een de Notzen net ënnerschätzen

Russesch-amerikanesch Realpolitik

Wéi kuerz no 13 Auer d‘Limousine mam russeschen Zar virun der Villa „La Grange“ zu Genève un d‘Hale komm ass, war scho gewosst, datt sech eppes verännert huet. De Joe Biden säi Virgänger, hat de Vladimir Putin 2018 zu Helsinki jo eppes „waarde“ gelooss. Et schéngt also, wei wann de russesche President, den neie Locataire vum Wäissen haus, eppes méi eescht géif huelen.

Kuerz nom Putin ass den US-President ukomm. Iert sech béid Presidenten zum Tête-à-tête verzunn hunn, huet de russesche President sengem amerikaneschen Homolog fir d‘Initiativ sech zu Genève op ee Gespréich ze treffen, Merci gesot. No zolitten dräi Stonnen, sinn se nees opgetaucht, an den Zar war nach ëmmer beschter Laun: „Ech ka soen datt de Joe Biden eng konstruktiv, ausgeglachen an erfuere Perséinlechkeet ass“, esou de Vladimir Putin.

Mee och de Joe Biden war am Toun verséinlech: „Ech handelen net géint Russland oder soss en aneren, mee fir déi amerikanesch Bierger“. Eng richteg Ofschlosserklärung gouf et allerdéngs net, och op eng gemeinsam Pressekonferenz gouf verzicht. Dofir war et en éischt wichtegt Treffen, dat hoffentlech eng Reprise vun den diplomatesche Bezéiunge bedeit. De Pragmatismus vum US-President an d‘Coolness vum Putin, loossen en hoffen.

Et steet jo villes un, wann een emol en Ament d‘Pandemie an de Klimawandel ausklamert. Ganz besonnesch wat Nonsens-Decisioune betrëfft, wier et gutt wa sech eppes ännere kéint. Ofrëschten, Cyberkriminalitéit an d‘Militariséierung vum Weltraum, gehéiere wéi d‘Problematik mam Räich vun der Mëtt, zu den Haaptthemen déi béid Natiounen déi nächst sech bis zwielef Méint dierft beschäftegen. Dat awer wäert net ouni Reegele goen.

mat indymedia/gva

Foto: © The White House

Related topics Genève, Joe Biden, Realpolitik, Russland, USA, Vladimir Putin
Next post Previous post