Search

You may also like

Rock um Knuedler: Programmännerung!
International Neiegkeeten

Rock um Knuedler: Programmännerung!

Wéi de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg

Keng Zäit, an dat fir näischt
International Neiegkeeten

Keng Zäit, an dat fir näischt

Den Nico Helminger gouf déi lescht Woch mam Servais Präis

Midterm Elections: „Wielt Republikaner oder d‘USA si verluer“
International Neiegkeeten

Midterm Elections: „Wielt Republikaner oder d‘USA si verluer“

E Samschdeg huet den US-President d‘Amerikaner gewarnt, datt am Fall

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet

Moskau huet confirméiert, datt zanter dem leschte Freideg, déi éischt militäresch Eenheet mam neie Waffesystem Hyperschallrakéit „Avantgard“ ausstafféiert ginn ass. Mat dësem Waffesystem solle Rakéiten an d‘Atmosphär bruecht ginn, déi mat 27facher Schallgeschwindegkeet hiert Zil usteieren. Washington ass besuergt, well den amerikaneschen Etat-Major kee „Géigemëttel“ bei Hand huet.

De russesche President Vladimir Putin hat et viru Méint ugekënnegt, elo ass de Projet „Avantgard“ (SSC-X9) – no ufängleche Schwieregkeeten – esouwäit operationell, datt schonn eng Eenheet vun der russescher Arméi mat dësem System ausgerëscht konnt ginn. Et heescht, datt dës Rakéite bal all Ofwiersystemer duerchbrieche kënnen. Stationéiert wier d‘Eenheet bei Orenburg am Ural.

Schonn 2018 hat de Kreml d‘Hyperschallrakéit als „absolut Waff“ bezeechent. Hyperschallrakéite vum Typ „Avantgard“ hunn eng Reechwäit vu ronn 4.000 Kilometer a goufen am Dezember 2018 eng éischte Kéier op hir Funktionalitéit getest. D‘Fluchgeschwindegkeet géif, esou de russesche Verdeedegungsministère bei der 20facher Schallgeschwindegkeet (Mach 20) leien.

Et wier allerdéngs méiglech eng maximal Vitesse vu Mach 27 (33.000 Km/H) ze erreechen. Dat ass fir de Chef vum „US Strategic Command“, John Hyten, eng éischter „desagreabel“ Situatioun. Hien hat schonn am Mäerz dem US-Senat erkläert: „Mir hu keng Verdeedegung, déi den Asaz vun esou engem Waffesystem bei eis verhënnere kéint“. De John Hyten hat eng Reaktioun gefuerdert…

Op emol presséiert et

Déi gëtt elo an der Form, datt de Pentagon virun ee puer Wochen eng Ausschreiwung gemaach huet bei där et ëm d‘Entwécklung vun engem Ofwiersystem geet. D‘US-Militärindustrie soll bannent kierzester Zäit Virschléi zur Bekämpfung vum „Avantgard“ Rakéitesystem virleeën. Et ass awer dovunner auszegoen, datt de Militärkomplex längst mat „Virbereedunge“ beschäftegt ass.

Den neie russesche Rakéitesystem ass esou ausgeluecht, datt d‘Ziler vun de Rakéiten nach während dem Fluch verännert kënne ginn. Dat gëllt och fir Vitesse a Fluchhéicht, firwat et den ament kaum e Mëttel gëtt, datt esou eng Rakéit stoppe kann. An „Avantgard“ ass net deen eenzege System mat deem d‘Russen d‘Moderniséierung vun hirer Arméi virundreiwen.

Schonn 2020 soll déi russesch Arméi mat der fënnefter Versioun vun der Interkontinentalrakéit „Sarmat“ ausstafféiert ginn. Mat dëse Rakéiten, kënnen dann och d‘Hyperschallrakéiten an den Asaz geflu ginn. Dat géif d‘Reechwäit vun de „Gleiter“ (esou gesinn d‘Hyperschallrakéiten aus) nach emol verlängeren. A wann d‘USA doriwwer net erfreet sinn, iwwerraschend kënnt et net.

Washington wousst Bescheed

D‘Amerikaner hunn am Kontext vum „New-START“ Ofkommes de Projet „Avantgard“ virgestallt kritt. Dee géif dann och net kéint dëst Ofkommes verstoussen, esou Moskau. Dëst neit Ofkommes war 2010 tëscht dem Barack Obama an dem Dmitri Medvedev ënnerzeechent ginn. Den Accord gesäit eng Reduktioun vun den Atomsprengkäpp op jeeweils 1.550 pro Land vir.

HyperschallrakéitVum däitsche Loft- a Raumfaartzentrum heescht et, datt d‘Hyperschallrakéite vun engem u sech „konventionellen“ Trägersystem gestart ginn. D‘Waff selwer ass an engem „Gleiter“ ënnerbruecht, dee seng déidlech Fracht an enger Héicht vun 100 Kilometer fräisetzt. Aus dëser Héicht taucht d‘Hyperschallrakéit dann nees an d‘Äerdatmosphär an wou si déi onmoosseg Vitesse opbaut.

Bildlech kann ee sech de System wéi ee Segelfliger virstellen, woubäi d‘Rakéite speziell optiméiert sinn, fir déi héich Vitesse och notzen ze kënnen. Esou kann „Avantgard“ mat enger Vitesse vun 10 Kilometer an der Sekonn säin Zil usteieren. Wéi séier Washington elo op déi nei Bedreeung säitens Moskau reagéiere kann, weess keen, mee si hu mat Sécherheet längst mat der Aarbecht ugefaangen.

mat indymedia/mow/nyc

Foto: Virun engem Joer, um 26. Dezember, war en éischten zefriddestellenden Test vum Vladimir Putin an dem Etat-Major vun der russescher Arméi verfollegt ginn. © Пресс-служба Президента России

Related topics Avantgard, Hyperschallrakéit, John Hyten, Pentagon, Rusdsland, USA, Vladimir Putin
Next post Previous post