Search

You may also like

Thema verfeelt
International Neiegkeeten

Thema verfeelt

All Kéiers – et kéint ee bal Wetten drop ofschléisse –

Ding, Dong, den Nutri-Score ass do
International Neiegkeeten

Ding, Dong, den Nutri-Score ass do

Laang gouf iwwert den Informatiounssystem op Liewensmëttel diskutéiert. Mam groussherzogleche

Zeienopruff no Accident tëscht Auto a Vëlo zu Wolwel
International Neiegkeeten

Zeienopruff no Accident tëscht Auto a Vëlo zu Wolwel

Um 23. Juni 2020 koum et géint 18:00 Auer zu

Russesch Justiz geet géint Nawalny-Organisatioune vir

Russesch Justiz geet géint Nawalny-Organisatioune vir

D‘Organisatioune vum inhaftéierten Dissident hu matgedeelt, hir Aktivitéiten net weiderféieren ze dierfen. Den Aarbechtsverbuet wier vun engem Moskauer Geriicht ausgeschwat ginn, behaapt den Direkter vun der anti-Korruptioun Stëftung, Ivan Schdanov, déi den Alexander Nawalny gegrënnt huet.

Op Nofro bestätegen d‘Autoritéiten de Verbuet, erläuteren awer, datt de Verbuet nëmmen temporär ass. De Verbuet géif nëmmen esoulaang gräifen, bis d‘Geriicht en Urteel iwwert den Antrag vun der Staatsanwaltschaft gefält huet. De Procureur vu Moskau, wëll d‘Organisatiounen als extremistesch erklären an esou och verbidde loossen. D‘Argumentatioun: „Destabiliséierung vun der Gesellschaft-politescher Lag am Land“.

Dës Organisatiounen, esou de Wuertlaut aus dem Büro vum Procureur, géifen zu extremisteschen Aktivitéiten animéieren, déi nees zu Onroue féieren. Zudeem géife Mannerjäreger zu Aktioune motivéiert, déi gesetzeswiddreg sinn. Beschëllegt ginn d‘Nawalny-Organisatiounen, am Optrag vun auslännesche Gruppementer aktiv ze sinn. Déi géifen destruktiv Handlunge géint Russland an seng Regierung Ausféieren.

Eng Revolutioun?

Wat un der angeblecher Zilsetzung „Eng Revolutioun wëllen ze organiséieren“ tatsächlech drun ass, a wien dat finanzéiere soll? Interessente gëtt et bestëmmt, an och de Fakt datt den Ament nees méi matenaner gestridden, wéi da geschwat gëtt, gëtt de Beschëllegunge vum Moskauer Procureur scho Kredibilitéit. Zudeem gëtt et Stëmmen déi behaapten, datt een den Zar Vladimir net mat politesche Mëttel vum Troun stousse kann.

Säitens dem solidaresche Mouvement, dee sech hannert dem Alexander Nawalny opgestallt huet, heescht et: „De Kreml instrumentaliséiert d‘Justiz, fir d‘Zerstéierung vun allem ze organiséieren, wat dee leschten oprechte russesche Politiker, géint seng Korruptioun iwwer Joren opgebaut huet“. Datt de Kreml d‘Justiz instrumentaliséiert ass fir eng autokratesch Regierung éischter normal an de Nawalny géif et net anescht maachen.

De Widderstand

De Weekend iwwer, huet de Leonid Wolkow, en enke vertraute vum Alexander Nawalny, an engem Interview mat Internetportal znak.com behaapt, datt d‘Autoritéite d‘Konte vun den Organisatioune géifen afréieren, dat d‘Raimlechkeete versigelt goufen, an dem Mouvement seng Offlineaarbecht a Russland quasi onméiglech gemaach gëtt. Am Gespréich erkläert de Leonid Wolkow, datt ee sech eng Paus wäert gënne mussen.

Ofstand huelen, fir ze préiwe wéi een déi politesch Oppositioun a Russland opstelle kann. Wat hei onmëttelbar ze maachen ass? Et mussen d‘Bierger opgeruff ginn, bei de Walen am Hierscht egal wiem eng Stëmm ze ginn, esoulaang dëse Kandidat net zur Kremlpartei gehéiert. Dëst „gescheit Ofstëmmen“ soll dem Vladimir Putin säi Muechtmonopol briechen. De Kampf fir d‘Fräiloossung vum Dissident gëtt weidergefouert.

mat indymedia/mow

Illustratioun: Am Kontext vun den internationale Verwerfungen, gëtt dem Alexander Nawalny säi Mouvement an der russescher Federatioun zolidd vun den USA an deels der Europäescher Unioun finanzéiert a rhetoresch gestäipt. Zu Moskau, wéi an anere russesche Groussstied, kënnt et zanter den Dissident inhaftéiert gouf zu reegelméissegem Protest. © Valery Tenevoy / unsplash

Related topics Alexander Nawalny, Dissident, Iwan Schdanov, Kreml, Leonid Wolkow, Russland, Vladimir Putin
Next post Previous post