Dreet ee russeschen Iwwerfall op d‘Ukrain?

De konfliktgepräägten Dissens tëscht der Ukrain a Russland an déi allgemeng geopolitesch Lag, bezunn op déi vun den USA operluechte Politik géintiwwer de Russen, féiert zu neie Spannungen. Dobäi hätt d‘Welt, a besonnesch d‘USA mat hire serviabelen NATO-Partner, eng besser Politik verdéngt.

Hëlleft näischt, den ukrainesche Komiker Wolodymyr Selenski huet virun engem, bevirstoenden Ugrëff vun de Russe gewarnt an d‘NATO, déi sech bis ewell nach ëmmer weigert d‘Ukrain an senge Reien opzehuelen, huet zumindest den „Toun géintiwwer Russland gehuewen“. An wéi et sech gehéiert, hunn d‘Amerikaner och Beweiser fir ee méiglecherweis imminenten Iwwerfall…

De quiselegen US-Ausseminister Anthony Blinken werft Moskau vir, sech aggressiv géintiwwer der Ukrain ze verhalen. Beim Treffe vun den NATO-Ausseminister zu Riga (Lettland), huet dësen sech drop behaapt, datt et Beweiser fir déi schänterlech Absichte vun de béise Russen huet. Interessant hei: sollt et zur Attack kommen, géifen d‘Amerikaner schaarf Wirtschaftssanktioune beschléissen.

Faktesch hätten d‘Russe Pläng, engersäits fir d‘Ukrain politesch ze destabiliséieren, anersäits fir grouss ugeluechte Militäroperatiounen. Krass! Gutt datt d‘NATO – an d‘USA jo souwisou net – keng Pläng am Tirang huet an och net stänneg neier entwerft, wéi selwer Russland kéint ugräifen. Zu Riga huet de Blinken senger Partner elo emol d‘Grondlage vun der US-Aussepolitik erkläert.

„Mir hunn dem Kreml erkläert, datt mir entschloss reagéiere wäerten, an dat ëmfaasst och eng Rei vu wirtschaftleche Mesuren, vun deene mir bis ewell Ofstand gehalen hunn“, esou de Mann dee sech haut soll mam russeschen Ausseminister, an der Marge vum OSZE-Treffen zu Stockholm zu engem Tête-à-tête treffen. De Sergej Lavrov, schéngt d‘Message vum Amerikaner ze begréissen.

US-Atomwaffen a Polen a soss ugrenzende Länner…

D‘NATO, déi selwer – also als Aktiounsbündnis mat ageschränktem Bildungsverméigen – keng Atomwaffen huet, an sech op d‘Arsenal aus den USA, Groussbritannien a Frankräich verloosse muss, schéngt ze appreciéieren, datt d‘Polen sech als Atomwaffestanduert fir d‘USA ugebueden hunn. Dat huet och domadder ze dinn, datt d‘Preisen hie US-Atomwaffen endlech wëlle lass ginn.

Fir de gewiefte russeschen Ausseminister, wier eng Verlagerung vun den Atomwaffen onmëttelbar un d‘Grenze mat Russland, eng ongesond Provokatioun, déi net ouni Folge bleiwe géif. De Jens Stoltenberg, senges Zeechen NATO-Generalsekretär, ass erfreet iwwer déi polnesch Bereetschaft, déi amerikanesch Atomwaffen – zum Schutz vun der fräier Welt – bei sech am Land opzestellen.

A well et méi Dommer huet wéi ee sech dat zuweile wot virzestellen, mellt sech och nees den allsäits beléiften Diktator Alexander Lukaschenko (dat ass dee mat dee Migranten) zu Wuert. De wäissrussesche President huet um Dënschdeg, als Äntwert op de Blinken-Virstouss, erkläert, datt säi Land scho muer bereet wier, russesch Atomwaffen an Ofwierrakéite bei sech opzehuelen.

Den Zar Vladimir I. huet géintiwwer auslänneschen Diplomate gemengt, datt et d‘Bedreeung vu Russland ass, déi sech géif organiséieren. Et géif duer ee Bléck op déi militäresch Infrastruktur vun der NATO un de russesche Grenzen ze werfen. An tatsächlech, béid „Muechten“ maachen sech kee Kaddo. Gutt datt et net och nach eng Klima– an eng sanitär Kris huet, da wier et ganz schlëmm.

mat indymedia/bru/iev/mow/nyc

Dernières nouvelles