Search

You may also like

Kiffe fir de Staatshaushalt
International Neiegkeeten

Kiffe fir de Staatshaushalt

D‘Fransouse sinn ënnert den Europäer déi „gréissten“ Cannabiskonsumenten an och

Vill Theme goufen haart ugeschwat
International Neiegkeeten

Vill Theme goufen haart ugeschwat

D‘KPL ass net kleng ze kréien an si hëlt hire

US-Demokrate wëlle Milliardär lassginn
International Neiegkeeten

US-Demokrate wëlle Milliardär lassginn

Am Representantenhaus hunn d‘US-Demokraten d‘Majoritéit an déi hu si gëschter

Russescht Feier

Dräi Milliounen Hektar Bësch stinn a flamen an a ville Fäll gëtt net emol versicht ze läschen

Russescht Feier

Déi russesch Federatioun zielt zur Stonn iwwer 250 Bëschbränn, déi sech op enger Fläch vun net manner wéi dräi Milliounen Hektar – dat ass 1.158 mol d‘Gréisst vu Lëtzebuerg – ausbreeden. Et kënnen allerdéngs net all Feier bekämpft ginn.

Aktuell ginn a Russland eng 180 Bränn bekämpft, bestätegt d‘Forstverwaltung op Nofro. Féier an onzougängleche Regiounen, wou keng Gefor fir Leif a Séil besteet, gi sech selwer iwwerlooss. Et ass dann och nees haaptsächlech a Sibirien, dem Nordoste vun der russescher Federatioun, wou et am schlëmmsten ass. Am Bezierk Jakutien a weidere 6 Regiounen herrscht den Ausnamezoustand.

De Chef vun der Republik Sakha (dem Kinnekräich vum Permafrost), Ajssen Nikolajev, huet och Evakuatioune missen unuerdnen, nodeems am Duerf Bjass-Kjuel iwwer 30 Haiser de Flamen zum Affer gefall sinn. Ëmmer méi Uertschafte gi vun de fortschreidende Feier bedreet, dorënner och Sangar, eng wichteg Siidlung wou et och grouss Pëtrolslager huet. Déi ze schützen huet Prioritéit.

Russland

An der Regioun Krasnojarsk (Sibirien) mussen sech d‘Awunner vun iwwer 400 Dierfer virun dem Damp, an den Äsche-Wolleke schützen. Ee ganzen Naturpark an der Republik Mordwinien dreet vun der Feier anihiléiert ze ginn. All d‘Déngschter zesummegeholl, esou déi vun den Autoritéite genannten Zuelen, si ronn 6.700 Männer a Fraen am Asaz. Dat ass ugesiichts der Fläch, net vill.

Et besteet dann elo och keen Zweiwel méi, datt sech hei eng vun de gréisste Katastrophen undeit. Wann dat wuel an éischter Linn dramatesch fir Russland ass, esou huet dës Brandkatastroph, grad wéi d‘Feier am Amazonasgebitt, een direkten Impakt op de Weltklima. An de Weltklima huet och eppes Afloss: an de leschte Jore goufen hei Temperaturrekorder opgestallt, an d‘Folge sinn elo do.

Näischt geschitt zoufälleg

Interessanterweis, an et gëllt als geséchert, datt och déi russesch Fuerscher a Wëssenschaftler op déi sëllege Geforen higewisen hunn, déi sech mam Verloscht vum Permafrost opdinn. Trotzdeem gouf op de Respekt vun de Brandschutzrichtlinne verzicht, an déi 2007 ofgeschaafte Verwaltung, déi d‘Missioun hat dat alles aus der Loft ze iwwerwaachen, gouf bis haut duerch näischt Neies ersat.

Experten a Wëssenschaftler erkennen doranner eng Absicht, et wot sech do allerdéngs keen esou richteg op de Sënn an Zweck vum „looss et einfach brennen“ anzegoen. Et ass wuel eng Fro vum Geld an den „humane Ressourcen“, anersäits ginn duerch d‘Feier vill Géigenden „zougänglech“, ënnert deene masseg Buedemschätz schlummeren, déi just drop waarden exploitéiert ze ginn.

Schonn 2012, waren am Kontext vu massive Bëschbränn, 16 Milliounen Hektar Bësch de Feier iwwerlooss ginn. Et war ee Rekord, an dëse schéngt dëst Joer a Fro gestallt ze sinn. Laut der Ëmweltschutzorganisatioun Greenpeace, huet een zanter Joresufank, aktuell ee Stand vu 14,3 Milliounen Hektar Bësch erreecht, déi verbrannt sinn. An d‘Zukunftsaussiichte sinn net erfreelech.

RusslandDe russesche Läschfliger vum Typ BE200 © Greenpeace Russia

Déi sougenannt Feiersaison erstreckt sech iwwer een ëmmer längeren Zäitraum, mee méi Geld a Leit fir dergéint virzegoen huet net. Hei ass éischter de Géigendeel de Fall, wat nees op eppes Kalkül säitens der Regierung hiweist. Et huet weder genuch Beruffspompjeeën, nach Fräiwëlleger, fir zumindest d‘Siidlungsberäicher ze schützen. Mee wat këmmeren eis de Russen hir Suergen…

mat indymedia/mow a Greenpeace Russia

Foto: © Julia Petrenko/Greenpeace

Related topics Bëschbränn, Greenpeace, Klimawandel, Permafrost, Russland, Sibirien
Next post Previous post