Search

You may also like

12 Méint an 12 Geschichten – D’Schwieregkeeten am soziale Beräich (Deel 1)
International Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten – D’Schwieregkeeten am soziale Beräich (Deel 1)

„Autiste kënne sech der Gesellschaft net upassen“ oder „Een deen

Jidderee wëll ee Stéck vun der Arktis
International Neiegkeeten

Jidderee wëll ee Stéck vun der Arktis

Fënnef Natiounen – Dänemark (mat Grönland), Kanada, Norwegen, d‘USA a

Nationalen Dag vun der Resistenz
International Neiegkeeten

Nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz. Lëtzebuerg erënnert

Russland-Affär: Keng Beweiser?

Den Donald Trump jubiléiert no Ofschlossbericht vum Sonnerermëttler Robert Mueller

Russland-Affär: Keng Beweiser?

Et war eng laangwiereg a komplex Enquête, déi dem Sonnerermëttler Robert Mueller virun elo gutt zwee Joer zougedroe gouf. Hien hat sengerzäit d‘Aufgab kritt, erauszefannen ob, oder ob net dem Donald Trump seng Wahl-Equipp mat Moskau kooperéiert huet, fir Afloss op d‘Presidentielle vun 2016 ze huelen. Eng 60 Leit, Juristen an Agente vum FBI, huet d‘Russland-Affär beschäftegt.

D‘Enquête, esou den US-Justizminister William Barr, deen dem Sonnerermëttler säi Rapport op véier Säiten zesummegefaasst an dem Kongress virgeluecht huet, hätt zu engem däitleche Resultat gefouert. Esou wier et richteg datt Russland versicht hätt sech zugonschte vum Milliardär an de Wahlkampf anzemëschen, mee fir eng konspirativ Zesummenaarbecht gëtt et keng Beweiser.

Esou ass et elo bestätegt, datt et keng Kollusioun tëscht der trumpscher Wahl-Equipp a Moskau ginn huet. An d‘Nouvelle ass entspriechend vum Concernéierten opgeholl ginn. „Et huet keng Verschwierung mat Russland ginn, an och d‘Justiz gouf net behënnert. (…) Et ass eng Schan datt onst Land dat alles huet missen duerchmaachen“, esou de Locataire aus dem Wäissen Haus.

Beweiser

Mee och wa sech den Donald Trump freeë kann, vum Virworf d‘Justiz behënnert ze hunn, huet de Robert Mueller de 45. US-President net gänzlech entlaascht. Esou wéi et de William Barr bericht huet, hätt et Beweiser dofir, a Beweiser dogéint ginn, an de Sonnerermëttler hätt him d‘Entscheedung iwwerlooss. Esou ass den Zweiwel zu Gonschte vum Beschëllegten ausgefall.

Bedenke bei den Demokraten

De Bericht gëtt vun der Oppositioun eppes differenzéiert betruecht, an si werfen dem William Barr vir hei ze séier Schlëss gezunn ze hunn. De President vum Justiz-Ausschuss am Representantenhaus huet zum Bericht gesot: „De President Trump huet Onrecht. De Bericht ass ebe keng vollstänneg Entlaaschtung. De Mueller huet kloer formuléiert, säi Bericht entlaascht de President net“.

Beweiser

An de Jerry Nadler huet zousätzlech ugekënnegt, datt den US-Justizminister an Justiz-Ausschuss dem ganze muss Ried an Äntwert stoen. Och de Sonnerermëttler kéint dozou „ageluede“ ginn. An d‘Demokrate fuerderen och eng zäitno Publikatioun vum Robert Mueller sengem Bericht. Bis dohinner awer muss een dem US-President seng Victoire zougestoen. Op et vu laanger Dauer ass…

BeweiserBeweiserBeweiserBeweiser

mat indymedia/was

Related topics Donald Trump, Rapport, Robert Mueller, Russland Affär, William Barr
Next post Previous post