Search

You may also like

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!
International Neiegkeeten

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!

Fir d’Schüler aus dem Secondaire sinn d’Ofschlossexamen – endlech –

Buchpresentatioun vun “Arthur und die Farben des Lebens”
International Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun “Arthur und die Farben des Lebens”

Schonn eleng de Buchcover vun “Arthur und die Farben des Lebens”

SKIN WALKER: E Psycho-Thriller, deen ënnert d’Haut geet!
International Neiegkeeten

SKIN WALKER: E Psycho-Thriller, deen ënnert d’Haut geet!

D’Vergaangenheet deet nach ëmmer wéi, an awer probéiert d’Régine, gespillt

Russland-Bashing a Partnerschaftsfleeg

Ee Sonndeg hunn d‘Tscheschen 18 Mataarbechter vu russesche Geheimdéngschter ausgewisen, déi 2014 an d‘Explosioun vun engem Munitiounslager solle verwéckelt gewiescht sinn

Russland-Bashing a Partnerschaftsfleeg

D‘Enquêten zu den Explosiounen am Munitiounslager zu Vrbetice, am Oste vun Tschechien, déi am Oktober an Dezember 2014 stattfonnt hunn, schéngen ofgeschloss ze sinn. Bei dëse „Virfäll“ ware Mataarbechter vun enger Rëschtungsfirma ëm d‘Liewe komm. De materielle Schued un de ganzen Infrastrukture war an d‘Millioune gaangen. Et war ee vun engem Verbriechen ausgaangen.

Laut dem tschechesche Ministerpresident Andrej Babis, leien zanter dem Weekend eendeiteg a wuel onbestreitbar Beweiser vir, datt hannert dësen Explosiounen, d‘Agente vun de Geheimdéngschter „SWR“ a „GRU“ gestach hunn. Hie sot: „Tschechien ass ee souveräne Staat a muss op dës nach ni dogewieschten Enthüllungen an entspriechender Form reagéieren“. An hien ass net deen eenzegen.

Esou huet och de President vum tschechesche Senat, Milos Vystrcil, vu „Beweiser“ getéint an der russescher Regierung ganz eendeiteg Staatsterrorismus virgeworf. Wat elo déi ugeschwate Beweiser betrëfft, esou sinn dës wuel geheim, wëll um Dësch läit séier wéineg. Dofir gëtt et dann déi vun der Police verëffentlecht Fahndungsbiller vun zwee Verdächtegen, an déi schéngen der Welt bekannt.

Handfest Indizien

Op den Erkennungsbiller vun der tschechescher Police sinn zwee „Russen“ ze erkennen, déi och schonn am Kontext vum Gëftuschlag op de Sergueï Skripal – ee Spioun, mat enger ganz flexibeler Astellung zu Ideologien – am Mäerz 2018 als Täter genannt ginn. Et wiere GRU-Agenten déi sech am Oktober 2014 sechs Deeg laang an Tschechien opgehalen hätten. An et gëtt weider Detailer…

Säitens den Autoritéiten, ginn dës zwee supposéiert Geheimdéngschtmataarbechter als de Ruslan Boschirow an den Alexander Petrow genannt. Dat wieren zumindest déi Nimm, wou se bei hire Missiounen zu Salisbury (Skripal) a Vrbetice (Munitiounslager) benotzt hätten. Déi tschechesch Police gëtt un beweisen ze kënnen, datt sech béid Russen an der Regioun Zlin „ëmgekuckt“ hunn.

D‘Munitiounslager zu Vrbetice läit an dëser Regioun a gëtt vu Rëschtungsfirmae genotzt. Hei, esou d‘Informatioun, sollen „Zouliwwerer“ Waffen a Munitioun fir déi ukrainesch Milizen a wuel och regierungstrei Kräften, gelagert hunn. A well déi géint prorussesch Separatisten am Donbass (dat sinn d‘Regioune Luhansk an Donezk) kämpfen, hätten d‘Russe wuel och en handfest Motiv.

Agespillte Prozedur

Ob dat alles esou stëmmeg ass, a wat dovunner als „fiichten Dram vun der Politik“ ka bewäert ginn, muss een, bezunn op déi aktuell geopolitesch Spannungen, net wierklech berécksiichtegen. Aktuell ass – ob berechtegt oder net – den Drock op déi russesch Federatioun nees ongewinnt héich. Et huet dann och direkt eng helle Wull u Beschëllegungen, déi all ee Manko bei der Beweislaascht hunn.

Intressant weiderhinn, d‘Behaaptung vun den Tschechen, datt déi 18 genannte Mataarbechter vun der russescher Ambassade „eendeiteg als Spioune vun den Geheimdéngschter SWR & GRU“ sollen identifizéiert gi sinn. An Aussoe vu militäresche Partner zweiwelt een och net un. Moskau ass wuel manner belëschtegt, mee ugesiichts dem allgemeng groussen Diplomatenaustausch, entspaant.

Gëschter Owend huet de russeschen Ausseministère zwanzeg Mataarbechter vun der tschechescher Ambassade eng gutt Heemrees gewënscht. Déi soll bis e Méindegowend ugetruede ginn. Domadder reduzéiert sech d‘Unzuel vun tschecheschen Diplomaten op fënnef. Wéini d‘Beweiser fir d‘Attack op d‘Munitiounslager virgeluecht ginn? Wat u weidere Sanktioune virgesinn ass? Mol kucken…

mat indymedia/prg/mow

Illustratioun: © Marija Zaric / unsplash

Related topics Diplomaten, Geheimdéngschter, Munitiounslager, Russland, Tschechien
Next post Previous post