Axiom Verge ass méi, wéi e bloussen Hommage un d’8-Bit Klassiker
Datt bei engem Indiespill den Entwecklerteam iwwerschaubar ass, si mer
Wat alt nees eng wéinst de BIL opgefouert gëtt. Wéi
Davos, eigentlech eppes wéi en idyllescht Biergduerf an de Schwäizer
No der déidlecher Explosioun op enger russescher Militärbasis, behaapt Washington d‘Hannergrënn ze kennen. Et wier um Hyperschall-Rakéiteprogramm (SSC-X9) geleeën, esou Den Donald Trump.
Deen huet wéi gewinnt säi virtuelle Pressespriecher beméit an twittert: „D‘USA léieren esouvill vun der Explosioun vun der Rakéit a Russland. Mir hunn eng ähnlech, méi fortschrëttlech Technologie. Déi russesch ‚Skyfall‘ Explosioun huet d‘Mënschen an der Ëmgéigend beonrouegt. Net gutt!“.
An der tëscht géifen déi amerikanesch Geheimdéngschter wëssen, wéi eng Rakéit um Stëtzpunkt a Nordrussland den Zaldoten ëm d‘Ouere geflunn ass. Et géif sech bei der Rakéit ëm en Typ handelen deem d‘Amerikaner de Codenumm „Skyfall“ ginn hunn. Laut Washington soll de Vladimir Putin, President vu Russland, dësen Hyperschall-Fluchkierper als Wonnerwaff verkläert hunn.
Elo heescht et awer weider, datt een am Ament net confirméiere kann, ob et sech an dësem Fall ëm eng Atomexplosioun handelt. Et wieren awer méiglecherweis radioaktiv Elementer „bedeelegt“, wat och ëmmer déi amerikanesch Waffenexperten domatter zum Ausdrock brénge wëllen… Et dierft, falls sech d‘Informatiounen aus den USA bestätegen, en zolitte Réckschlag fir de Programm sinn.
Op deem onwäit vun der Stad Sewerodwinsk geleeë Rakéitentestgelänn war viru gutt enger Woch d‘Explosioun passéiert. Elo ass rieds vu fënnef Affer, woubäi déi russesch Autoritéite wéineg, wann iwwerhaapt konkret Informatioune fräiginn. D‘Autoritéite bestätegen da mëttlerweil och, datt sech d‘Radioaktivitéit an der Ëmgéigend staark erhéicht huet. Dat bis 16-fache Wäert iwwer „normal“.
Eng Zuel déi esou vun der staatlecher Wieder-Administratioun un d‘Noriichtenagence TASS soll weidergereecht gi sinn. Greenpeace widdersprécht deenen offiziellen Zuelen, a behaapt sech drop, datt d‘Strahlung ëm dat 20-facht zougeholl hätt. Säitens der Noriichtenagence Interfax, hunn elo d‘Autoritéiten de Bierger vun Njonoska geroden hiert Duerf „temporär“ ze verloossen…
mat indymedia/chi/atl
Foto: © Interfax