Search

You may also like

Times Square Attentat: Trump fuerdert eng méi restriktiv Migratioun
International Neiegkeeten

Times Square Attentat: Trump fuerdert eng méi restriktiv Migratioun

E Mann aus dem Bangladesch, offensichtlech vun Dschihadisten inspiréiert, huet

Arlon Retail Park: Een neien Akafszentrum zu Sterpenech
International Neiegkeeten

Arlon Retail Park: Een neien Akafszentrum zu Sterpenech

Haut huet zu Arel-Sterpenech een neien Akafszentrum seng Dieren opgemaach.

Um (Summer)Tour mat der Inneministesch
International Neiegkeeten

Um (Summer)Tour mat der Inneministesch

Am Kader vum Summertour huet d‘Inneministesch en Dëneschdeg d‘CGDIS-Standuerter Sandweiler,

Russland versus Nawalny: „Internet-Zensur“

Russland versus Nawalny: „Internet-Zensur“

Déi russesch Autoritéiten hunn den Zougrëff op d‘Internetsäit vum Oppositionellen Alexej Nawalny a weider 49 Internetportaler/domäne vun Organisatiounen a Persoune gespaart, déi mam Dissident a Verbindung stinn oder gesat ginn. E Geriicht hat am Juni all déi inkriminéiert Associatiounen an déi derzougehéiereg Persounen als „extremistesch“ erkläert an se domadder quasi verbueden.

Erënnere mir an dësem Kontext kuerz drun, datt den Alexej Nawalny, deen „aus Grënn“ géint seng Bewärungsoplage verstouss huet, vun engem Geriicht zu festem Prisong verdonnert gouf. Dat alles huet déi westlech Gemeinschaft zolidd veriergert, firwat dann och vun der Europäescher Unioun Sanktioune géint Moskau verhaange goufen. Verbessert huet sech d‘Situatioun a Russland awer net.

Wat elo déi rezentst Entwécklunge betrëfft, esou huet d‘Generalstaatsanwaltschaft zu Moskau nieft dem Nawalny senger eegener Säit nach 49 Säite blockéiert. Dozou gehéieren d‘Portaler vun den Oppositionelle Ljubow Sobol, der Antikorruptiounsstëftung vum Nawalny an och der onofhängeger Allianz vun den Dokteren (déi haten eppes Kritik un der Impfstrategie vum Kreml geäussert).

Et gëtt sech hei dann awer am virtuelle Raum beweegt an Zensur ass guer net emol esou einfach. Esou kann déi „russesch Spären“ iwwert eng geschützten Netzwierkverbindung (VPN) ëmgoen. Wichteg, well am Russland vum Zar Vladimir I. sinn dausenden Internetsäite gespaart. Betraff si virun allem oppositionell Politiker a kritesch Medien. Fir Meenungsfräiheet brauch et Kreativitéit.

mat indymedia/mow

Illustratioun: © David Pupaza / unsplash

Related topics Alexej Nawalny, Generalstaatsanwaltschaft, Internet, Kreml, Moskau, Russland, Zensur
Next post Previous post