Search

You may also like

Schwéiert Accident zu Iewerleng
Neiegkeeten

Schwéiert Accident zu Iewerleng

Aus dem Policebericht ass ze enthuelen, datt et de Moien

Äerdbiewen an Haiti: Lëtzebuerg bitt Ënnerstëtzung mam CGDIS
Neiegkeeten

Äerdbiewen an Haiti: Lëtzebuerg bitt Ënnerstëtzung mam CGDIS

Haiti ass leschte Samschdeg vun engem schwéieren Äerdbiewe mat der

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!
Neiegkeeten

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!

Mat vill Gedauschs ass e Freideg de renovéierten INL (Lëtzebuerger

Ryanair hëlt seng Aktivitéiten nees op

Ryanair hëlt seng Aktivitéiten nees op

Nodeems d‘Luxair längst nees um fléien ass, zitt elo och de „Bëllegfliger“ Ryanair no. Déi gréissten europäesch Lowcost-Airline – déi sech besonnesch am Ëmgang mam Personal net déi beschte Reklamm gemaach huet – huet e Méindeg ugekënnegt, datt si ab dem 1. Juli nees all hir Aktivitéiten um Findel wäert ophuelen. Eng Noriicht, déi esou och vum Gestionnaire LuxAirport begréisst gëtt.

De Grond fir dës Decisioun ass allerdéngs an éischter Linn dem Fait geschëlt, datt bannent der EU d‘Grenzen nees opginn, an esou och nees Reese mam Fliger méiglech sinn. E puer Destinatioune sollen awer virgezu ginn: ab dem 22. Juni gëtt d‘Verbindung Lëtzebuerg-Barcelona retabléiert (Madrid, Palma a Sevilla kommen dann am Juli no). D‘Destinatiounen: Bergamo, Lissabon, Malta a Porto solle schonn den 23. Juni nees am Programm sinn.

Dat gëllt un a fir sech och fir London an Edinburgh, woubäi jo awer hei gewosst ass, datt alles wat aus dem Ausland um brittesche Buedem opschléit, emol 14 Deeg a Quarantaine muss goen. Wéi Sënnvoll et do ass, dës Verbindunge schonn déi nächst Woch anzeféieren, konnt och op Nofro um Siège an Irland net gekläert ginn. Hei läit de Verdacht no, datt Ryanair seng „Slots“ fir dës attraktiv Destinatiounen net verléiere wëll.

Eng Rei Destinatioune wäerten awer och am Juli nach net kënnen zerwéiert ginn. Dat sinn: Berlin, Budapest, Dublin an Toulouse. Och hei hu mir versicht vu Ryanair Äntwerten ze kréien, mee de Pressespriecher war „outmostly“ zougeknäppt. Laut eisem Mediepartner an Irland, géif am Kontext vun Toulouse, dat zum enge mam Sträit mat der franséischer Regierung an de Gewerkschafte leien. Ryanair wëll d‘Paien am Frankräich ëm bis zu 15-20% reduzéieren.

Wien dann awer un enger vun den zéng Destinatiounen interesséiert ass, déi Ryanair nees wäert ufléien, sollt sech iwwert eng verlackend Offer am Kontext vun der „grénger Relance“ oder „Neistart Lëtzebuerg“ freeën dierfen. Wien sech nämlech ee Fluch bis zum 18. Juni (Mëtternuecht) fir eng oder méi Destinatiounen entscheet huet, ka scho fir 19,99 Euro (einfachen Aller) eng Plaz bei Ryanair sécheren. Eng besser Offer huet keen…

Illustratioun: © Portuguese Gravity / unsplash

Related topics Bëlleg fléien, Fligerei, LuxAirport, Reprise, Ryanair
Next post Previous post