Search

You may also like

Zuchverbindung tëscht Lëtzebuerg a Metz wéinst Gewalt géint Kontrollerin gestéiert
International Neiegkeeten

Zuchverbindung tëscht Lëtzebuerg a Metz wéinst Gewalt géint Kontrollerin gestéiert

Well et um Donneschdeg tëscht enger Kontrollerin an engem Passagéier

Géint d‘Diskriminatioun: déi „reklasséiert“ Aarbechter erhiewen d‘Stëmm
International Neiegkeeten

Géint d‘Diskriminatioun: déi „reklasséiert“ Aarbechter erhiewen d‘Stëmm

No méintelaangen Diskussiounen zur Reform vum „Reklassement“ an no villen

Sozialwahlen 2019: Eng Gewerkschaft iwwertrëfft sech selwer
International Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Eng Gewerkschaft iwwertrëfft sech selwer

Et kann een de Houfert vun der gréisster Lëtzebuerger Gewerkschaft

Saarland: D’Quarantäneveruerdnung fir Risikogebidder ass noutwenneg

Saarland: D’Quarantäneveruerdnung fir Risikogebidder ass noutwenneg

Nodeems Lëtzebuerg Mëtt Juli vum Saarland zum Risikogebitt erkläert ginn ass, huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert d’Geleeënheet ergraff, fir d’Gesondheetsministesch vum Saarland, Monika Bachmann méi genee iwwert déi groussflächeg Teststrategie bei eis am Land ze informéieren. Bis ewell sinn ënnert alle Residenten a Grenzgänger scho 400.000 Tester duerchgefouert ginn.

Duerch héich Infektiounszuelen gouf Lëtzebuerg an e puer Länner a Regiounen als geféierlech agestuuft. Fir an d’Saarland anzereese muss een aktuell, fir net a Quarantaine mussen ze goen, en negativen Test virweisen, deen net méi wéi 48 Stonnen al ass. Dëst bréngt eng Rei Erausfuerderunge mat sech.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet dofir erkläert: „Lëtzebuerg huet säit dem Ufank vun der Kris a spéider am Kader vun eiser Demarche zu de Lockerungen vun den Ausgangsbeschränkungen eng éiergäizeg a breet Teststrategie ugewannt, déi aus PCR-Diagnosetester fir Persoune mat Symptomer, sou wéi aus grouss ugeluechten Tester zur Identifikatioun vun asymptomatesche Persoune besteet.“

Donieft gouf och doriwwer informéiert, datt d’Tester sech net eleng op déi 620.000 Residenten, mee och op 200.000 Grenzgänger ausdeenen.

Ma, an dësem Kader huet och d’Monika Bachman ervirgehuewen, datt d’Saarland duerch seng geografesch Lag op d’Grenzgänger ugewisen ass. Et hätt ee vun Ufank un déi entspriechend an noutwenneg Moossnamen zur Andämmung vum Virus getraff, wourënner d’Quarantaineveruerdnung fir d’An- an Ausrees aus Risikogebidder fält.

„Déi saarlännesch Landesregierung setzt sech grad elo nach emol besonnesch fir déi däitsch-Lëtzebuerger, wéi och déi däitsch-franséisch Frëndschaft an. Dozou sti mir mat e jeeweilege Vertriederinnen a Vertrieder zu all Ament an enkem Austausch fir déi aktuell Situatioun gemeinsam ze meeschteren“, sou déi saarlännesch Gesondheetsministesch.

Bei enger Saach ware sech béid Ministeschen awer eens: An all gudder Bezéiung ass den Dialog essentiell, fir esou eng gutt Zesummenaarbecht ze garantéieren. Elo solle Länner-iwwergräifend Strategien entstoen, beispillsweis duerch gemeinsam Pandemiepläng, zur Verfügung stelle vu Personal an d’Oprëschtung fir Eeschtfall

Weider Gespréicher sinn iwwert de Summer geplangt. Éischt Resultater soll awer eréischt Enn des Jores presentéiert ginn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Monika Bachmann,  Gesondheetsministesch vum Saarland; Paulette Lenert, Lëtzebuerger Gesondheetsministesch © MSGFF

Related topics Covid-19, Erklärung, Gesondheetsministesch, Grenzgänger, Groussflächeg Tester, Large Scale Testing, Monika Bachmann, Moossnamen, Pandemie, Paulette Lenert, Quarantaine, Risikogebitt, Saarland
Next post Previous post