Search

You may also like

#Metoo ass keng Iwwerraschung, mee eng traureg Erënnerung un eis Realitéit als Fraen
Neiegkeeten

#Metoo ass keng Iwwerraschung, mee eng traureg Erënnerung un eis Realitéit als Fraen

Iwwert déi lescht 24 Stonnen huet sech mäin Facebook Feed

Et reent… Konfetti!
Neiegkeeten

Et reent… Konfetti!

Frënn vun der Sonn an der gudder Laun, et gëtt

Dramatesch Zeene viru Lampedusa
Neiegkeeten

Dramatesch Zeene viru Lampedusa

E Samschdeg hunn déi italienesch Autoritéiten iwwer 20 Mannerjäreger vun

Saarland a Rheinland-Pfalz: Verschäerft Areesbestëmmunge fir Lëtzebuerger

Saarland a Rheinland-Pfalz: Verschäerft Areesbestëmmunge fir Lëtzebuerger

Mam groussflächegen Testen ka Lëtzebuerg zwar genee Zuelen zu den Neiinfektiounen opweisen, gläichzäiteg gëlle mir awer elo als Risikogebitt fir verschidde Regiounen a Länner.

Vum Robert Koch Institut gouf de Groussherzogtum als Risikogebitt agestuuft, d’Saarland a Rheinland-Pfalz hunn direkt dorop reagéiert. D’Grenze sollen zwar weiderhin opbleiwen, an awer ginn et jee no Bundesland verschidde Areesbestëmmungen.

Fir d’Saarland gëllt beispillsweis, datt de Lëtzebuerger Resident viru senger Arees wärend 14 Deeg a Quarantaine muss gewiescht sinn. Fir a Rheinland-Pfalz muss een entweder a Quarantaine goen, respektiv en negativen Test virweisen, dee maximal zwee Deeg al ass.

Areesbestëmmunge

Pendler a Mënsche mat medezinesche Rendezvousen, déi net verréckelt kënne ginn, dierfe weiderhin an- an ausreesen, ouni dofir a Quarantaine goen ze mussen.

Areesbestëmmunge

Wien also an den nächsten Deeg an d’Ausland wëll, soll sech am viraus zu de verschidde Bestëmmungen informéieren. Aktuell zielt Lëtzebuerg 5.056 positiv Tester an 111 Doudesfäll.

Opmaacherbild: Das Saarland/Twitter

Related topics Areesbestëmmunge, Coronakris, Covid-19, Large Scale Testing, Pandemie, Quarantaine, Rheinland-Pfalz, Robert Koch Institut, Saarland
Next post Previous post