Search

You may also like

Wat bréngt Netflix eis am Januar?
International Neiegkeeten

Wat bréngt Netflix eis am Januar?

En neie Mount ass ugebrach! Dat heescht, datt mer eis

surprise
Den Donald Trump kritt haut bei de Vereenten Natiounen de Mikro – a vill fäerte, wat en ze soen huet
International Neiegkeeten

Den Donald Trump kritt haut bei de Vereenten Natiounen de Mikro – a vill fäerte, wat en ze soen huet

Haut ass et esou wäit! Den Donald Trump hält seng

Editorial: A firwat net direkt eng Schouluniform!
International Neiegkeeten

Editorial: A firwat net direkt eng Schouluniform!

De Weekend iwwer war nees eppes méi lass an de

Sabotage un iraneschem Atomkraaftwierk

Laut Radio Jerusalem, géif hannert dem Uschlag op d‘Anlag zu Natanz, Israel stiechen…

Sabotage un iraneschem Atomkraaftwierk

Nodeems déi iranesch Autoritéiten ee Sonndeg gemellt haten, datt et an der ënnerierdescher Anlag vum Atomkraaftwierk zu Natanz zu engem Sabotageakt komm ass, huet Radio Jerusalem houfreg verkënnt, datt den israelesche Geheimdéngscht hannert dëser Aktioun stécht.

Entspriechend den zoustännegen iraneschen Autoritéiten, war um Sonndeg an der Anlag zu Natanz en Deel vun der Stroumversuergung zesummegebrach. Et gouf betount, datt et hei keng Blesséiert a keng Straleverschmotzung ginn huet. Fir de Chef vun der iranescher Atomverwaltung AEOI, Ali Akbar Salehi, handelt et sech bei dësem Sabotageakt kloer ëm „Nuklearterrorismus“.

Hien huet zudeem verséchert, datt déi staatlech Sécherheetsorganer géint d‘Täter wäerte virgoen. Nodeems da wéi gesot Radio Jerusalem an d‘Welt gesat huet, datt den Auslandsgeheimdéngscht Mossad hannert dësem „Uschlag“ stécht, mussen d‘Ajatollahen net méi wäit siche goen. Et dierft allerdéngs eppes komplizéiert ginn, sech dës Agenten ze gräifen. Si hu keng Adress hannerlooss…

Den israelesche Regierungschef Benjamin „Bibi“ Netanjahu huet sech net zu enger Ausso hiräisse gelooss a wollt och déi vu Radio Jerusalem gemaachten Aussoe weder kommentéieren nach anescht bestätegen. Hien huet just drun erënnert, datt d‘Nukleariséierung vum Iran eng ganz reell Gefor fir de Weltfridden ass, an datt Israel och weiderhin all nuklear Entwécklung am Iran verhënnere wëll.

Am Schied vum Atomofkommes

En israelesch organiséierte Sabotageakt ass dann och net nëmme „warscheinlech“ mee éischter Fakt well, net méi spéit wei ee Samschdeg, haten d‘Ajatollahen am Atomkraaftwierk zu Natanz, déi nei leeschtungsfäeg Zentrifuge virgestallt. Déi lescht Woch haten sech an dësem Kontext, och déi den Accord vun 2015 (JCPOA) ënnerzeechnend Parteien zu Wien, zu Gespréicher zesummefonnt.

Gutt d‘Amerikaner hu just dierfen aus enger Spënnche vun der IAEA nolauschteren, well d‘Iraner aus guddem Grond kee Gespréichsbedarf mat Regierungsvertrieder huet, déi eenzeg drop aus sinn hir Fuerderungen duerchzesetzen, an esouguer dann absolutt capabel sinn, dësen net anzehalen, oder aus heiterem Himmel ze denoncéieren. Zudeem, well Washington déi d‘Regierung stierzen.

Bleift nach drun ze erënneren, datt et schonn am Juli m2020 zu engem Virfall an der Atomanlag zu Natanz komm war. Eng Explosioun an dat doduerch provozéiert Feier, haten erhiefleche Schued un der Anlag ervirgeruff. Och dës Aktioun gëtt dem Auslandsgeheimdéngscht Mossad ugelaascht. Dee gouf awer net vu Radio Jerusalem mam Tëschefall an der iranescher Anlag a Verbindung bruecht.

mat indymedia/tlv

Related topics Atomanlag, Iran, Israel, Mossad, Natanz, Sabotage, Teheran
Next post Previous post