Search

You may also like

Ponts & Chaussées: De Wanter ka kommen, eis Jongen si Virbereet
Neiegkeeten

Ponts & Chaussées: De Wanter ka kommen, eis Jongen si Virbereet

Et gëtt esou lues ongemitterlech dobaussen a schneie sollt et

Washington huet den UN-Mënscherechtsrot verlooss
Neiegkeeten

Washington huet den UN-Mënscherechtsrot verlooss

D‘USA hunn um Dënschdeg den UN-Mënscherechtsrot verlooss, an d‘Institutioun déi

Cargolux elo mat méi Flich op Xiamen
Neiegkeeten

Cargolux elo mat méi Flich op Xiamen

Cargolux, déi gréissten Transport-Fluchgesellschaft an Europa, flitt zanter dem 1.

Absurdistan: Dem Jurist säi philosophesche Gedanken

Absurdistan: Dem Jurist säi philosophesche Gedanken

A sengem weltwäit bekannten a renomméierte Blog, werft den honorabelen Affekot Gaston Vogel reegelméisseg Froen a Gedanken op. Esou och am Kontext vun de Pensionéierung vum President vun der Cour Superieure, dee jo zum „au revoir“ vu Radio ageluede gi war. Eng Emissioun, déi de Jurist verfollegt huet, firwat et dann och Feststellungen huet.

Et geet a wäiten Deeler emol grondsätzlech ëm eppes Kritik un der presenter Regierung, der Politik am allgemengen an natierlech enger däreger Affär, wou et ëmmer nees ee gudde Grond huet, den Deckel nees ze lëften. Esou geet et hei nees ëm d‘Fichiere vun der Police, an dem Fall vum Mann dee vir ee Poste beim Parquet Kandidéiert hat, an duerch „besonnesch Ëmstänn“ deboutéiert gouf.

De Gaston huet de Fall dann och nach emol resuméiert: de 26. September 2018 ass ee Mann, dee fir eng Aarbechtsplaz um Parquet Kandidéiert hat, vun de Magistraten empfaange ginn. Hien ass zu diverse Sujeten interpelléiert ginn, an zum Enn vum Gespréich, goufen dem jonke Mann eng Rei Saachen ënnerbreet, déi dësem d‘Sproch verschloen hunn. Et goung ëm de „Beschass“ am jo elo zur traureger Berüümtheet gelaangte „Casier Bis“ dee vun den Autoritéiten ugeluecht ginn ass.

Fir de Betraffenen en Ëmstand dee hien net op sech sëtze gelooss huet, firwat dësen d‘CNPD – dat sinn d‘Wiechter vun de Daten an – ageschalt huet. Dat war Enn Juli 2019, an d‘Kommissioun fir den nationalen Dateschutz huet an dësem Kontext, Ufank Mäerz 2021 eng Decisioun geholl, déi dem Kläger schonn den 11. Juni 2021 zougestallt ginn ass. Et geet een et jo gäre gemälleg un…

De Gaston Vogel gëtt unhand der vun der Kommissioun eestëmmeg getraffen Entscheedung hei ze bedenken: 1) datt et eng zolidd Erklärung fir den Delai tëscht „Decisioun“ an „Notifikatioun“ brauch an 2) datt et elo schwaarz op wäiss bestätegt gouf, datt de Parquet géint de GDPR verstouss huet. Fir de jonke Mann, deen duerch de Beschass zu Onrecht falsch behandelt ginn ass, kënnt dës Erkenntnis eppes spéit. An et ass net emol virgesinn, sech bei dësem fir de Misär ze entschëllegen.

Illustratioun: © Tengyart / unsplash

Related topics Affekot, Blog, Casier Bis, CNPD, Dateschutz, Datespäicherung, Gaston Vogel, Jurist, Parquet
Next post Previous post