Search

You may also like

natur&ëmwelt: Video Projet „E staarkt Benevolat am Naturschutz“
Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Video Projet „E staarkt Benevolat am Naturschutz“

„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir

Editorial: Terrasse-Gastronomie ab 7. Abrëll
Neiegkeeten

Editorial: Terrasse-Gastronomie ab 7. Abrëll

Wann d‘Diva aus dem Staatsministère elo annoncéiert huet, datt sech

Live aus dem Parc 2020: Mat Optrëtter vum Remo Cavallini, Steven Pitman a Serge Tonnar
Neiegkeeten

Live aus dem Parc 2020: Mat Optrëtter vum Remo Cavallini, Steven Pitman a Serge Tonnar

Mat der Ofso vun de kulturellen Evenementer am Ufank vun

D‘Salariatskummer besuergt iwwert d‘Lounentwécklung

D‘Salariatskummer besuergt iwwert d‘Lounentwécklung

Um Méindeg huet de President vun der Salariatskummer (CSL) Jean-Claude Reding de Sozial-Panorama virgestallt. An dësen zeechent en däischtert Bild vun der Situatioun am Land, wou de Loun an d‘Aarbechtsverträg ëmmer méi no ënne géif gedréckt ginn.

E Fait deen en direkten Afloss op d‘sozial Kohäsioun huet, well ëmmer méi Leit sech mat enger prekärer Aarbechtssituatioun mussen offannen. Heiduerch entsteet en Ongläichgewiicht, deem et gëllt entgéint ze wierken. An am Sozial-Panorama 2018 gëtt dann och däitlech, datt trotz Wuesstem, enger fantastescher Konjunktur, an – wéi den Aarbechtsminister géif soen – Vollbeschäftegung, d‘Progressioun beim Akommes vill Leit „vergiess“ huet.

D‘Duerchschnëttsakommes vun de Menagen, am verglach mat den anere Länner an der EU, bleift mat 39.416 Euro verhältnesméisseg héich, an trotzdeem profitéiert net jidderee vum wirtschaftlechen Opschwong. Ze grouss wieren d‘Ënnerscheeder beim Loun, der Kafkraaft an dem Zougang zur medezinesche Soinen.

Eng Kéier „kléng Pai“ ëmmer „kléng Pai“

Wien nëmmen e klenge Loun huet, gëtt net wäertgeschätzt, a seng Chancë méi ze verdéngen si siichtbar schlecht. Esou huet d‘Entwécklung bei de klengen Akommes, a 15 Joer grad emol 36% ausgemaach, während et beim mëttlere bis héijen Akommes, eng Progressioun vun 62% ginn huet. „Dat ass besonnesch de prekäre Verträg geschëlt“, iergert sech de Jean-Claude Reding, „mat ëmmer méi Beschäftegten déi net d‘Moyenen hunn hir Interessen ze verdeedegen“.

An den CSL-President leet de Fanger dann och an d‘Wonn an weist drop hin, datt „d‘Kollektivverträg an de klenge Strukture manner entwéckelt sinn, wat och d‘Méiglechkeeten aschränkt“. A fir de fréiere Gewerkschaftler ass dat Gëft fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft.

De Mindestloun muss erhéicht ginn

Mee d‘Salariatskummer gesäit nach e gréissere Problem. Et wier wuel richteg, datt d‘Kafkraaft geklommen ass, mee fir wien um Fouss vun der Leeder steet, spiert wéineg dovunner. Esou sinn déi kleng Paien zanter 2010 grad emol ëm 0,8% an d‘Luucht gaangen. Bei deenen, déi am meeschte verdéngen, ass et dogéint eng Progressioun vun 5,9%.

Fir de Jean-Claude Reding ass et dann och net verwonnerlech, datt den Aarmutsrisiko tëscht 2016 a 2017 ëm 7,8% zougeholl huet. An engem esou „räiche Land wéi Lëtzebuerg ass dat net normal“ esou den CSL-President, deen drop hiweist, datt 16,5% vun den Menage vun Aarmut betraff sinn. Bei den Elengerzéiende sinn et 46%! An datt ass nach net emol dat eenzegt Argument dat d‘Fuerderung fir eng Mindestlounerhéijung stëtzt.

Wunnen a Gesondheet ginn zum Luxus

E klenge Revenu mee en héije Loyer, datt ass et och wat ville Menagen a ganz besonnesch den Elengerzéienden d‘Liewe géif schwéier maachen. Am Schnëtt mécht de Loyer fir déi betraffen 28% aus, mat enger Tendenz zur Hausse.

Dorausser ergëtt sech, datt vir 29% vun de Menagen um „Enn vum Geld nach vill Mount iwwreg ass“, si faktesch net méi iwwert d‘Ronne kommen. Et bedeit dann awer och, datt op villes muss verzicht ginn, an de Jean-Claude Reding schwätzt net vun am Restaurant iessen oder dem Besuch vu kulturelle Veranstaltungen. Bedenklech fir eng Gesellschaft gëtt et och, wann 4,8% vun de Residenten der Usiicht sinn, datt si schlecht medezinesch versuergt sinn. Dat ass eng Hausse vun 13% zanter 2011.

Zudeem, an hei huet et eng bedenklech Feststellung, hunn déi héich Ausgaben déi mat enger medezinescher Behandlung zu Lëtzebuerg op e Menage zoukommen eng dramatesch Konsequenz: d‘Leit loossen sech net méi behandelen. De Jean-Claude Reding weist dann och drop hin, datt déi héich Käschte fir medezinesch Soinen, déi Haaptursaach ass, firwat d‘Leit drop verzichten.

Related topics Jean-Claude Reding, Kafkraaft, Konjunktur, Salariatskummer, Sozial-Panorama
Next post Previous post