Search

You may also like

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht
Neiegkeeten

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht

Déi ganz Nuecht mat waarde verbruecht, verschanzt a voller Suerg,

12 Méint an 12 Geschichten: D’Johanna zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus
Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: D’Johanna zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus

Si all hunn eppes gemeinsam: Si sinn Persounen am autistesche Spektrum.

Giel Gileten Akt VII: de scheie Versuch Präsenz ze weisen
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt VII: de scheie Versuch Präsenz ze weisen

Fir hiren „Akt VII“, gutt annerhallwe Mount nodeems de Mouvement

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach

Wann e sech de Rapport vun der IGSS (Generalinspektioun vun der Sécurité Sociale) zu Gemitt féiert, kann een am Bezuch op d‘Renten näischt fanne, wat engem elo misst Angscht maachen. D‘Salariatskummer (CSL) gesäit dat ähnlech an esou gëtt et kee Grond firwat een d‘Cotisatioune misst erhéijen.

Mee an der Salariatskummer denkt een no. Beim ville Nodenke kann ee schwéiermiddeg ginn an esou muss och d‘Note zur Reflexioun iwwert déi laangfristeg Liewensfäegkeet vum Renteregimm op de Pabeier komm sinn. Dofir deet ee gutt drun sech ze erënneren, datt de Premierminister béi senger leschter Ried zur Lag vun der Natioun gemengt hat: „D‘Rentemauer? Ech si mat der Rentemauer grouss ginn an et huet een se nach bis haut net gesinn!“.

Dat ass eng Ausso, där sech de Vizeminister Etienne Schneider kann uschléissen, well hien hat schonn am Abrëll der CSV ze verstoe ginn, datt dës Regierung näischt géif um aktuelle Renteregimm änneren. An och hien hat ze verstoe ginn, datt d‘Rentemauer nach beschtefalls eng optesch Täuschung ass.

Alles am grénge Beräich

Säitens der IGSS schéngt am Ament alles am grénge Beräich. Déi finanziell Positioun wier éischter „bequem“ an et géif näischt drop hindeiten, datt een d‘Cotisatioune virun 2034 misst iwwerdenken. Mat enger Reserv déi bei gudde 16 Milliarden Euro ugesidelt ass, wat méi wéi dat véierfacht vun de Joresausgaben duerstellt, kéint een de Kapp a Rou leeën. Eréischt wann d‘Reserv nach just beim 1,5 fachen ukomm ass muss iwwer Mesuren nogeduecht ginn.

Laut dem Zeenario deen d‘IGSS virgeluecht huet, wier dës Limite 2035 erreecht an d‘Reserv kéint 2043 verschafft sinn.

Laut dem Zeenario deen d‘IGSS virgeluecht huet, wier dës Limite 2035 erreecht an d‘Reserv kéint 2043 verschafft sinn. Nach ëmmer an dësem Zeenario, géifen d‘Renten eng Schold beim PIB vu 46% ausmaachen. Beim genotzte Rechebeispill ass net berécksiichtegt ginn, datt eng weider Bankekris, d‘Plaze vun der Immobilieblos oder soss e finanzielle GAU, de ganzen Zeenario iwwerflësseg ka maachen.

Um Méindeg huet dann d‘Salariatskummer seng Reflexiounen zum Thema virgeluecht. An d‘CSL, déi einfach emol den Däiwel un d‘Mauer wëll molen, ass dann och iwwerzeegt, datt eng ganz Rei Mesuren néideg sinn fir de Pensiounsregimm laangfristeg ze sécheren. Am Kloertext: d‘Salariatskummer wëll d‘Cotisatiounen erhéijen. Dat kéint bis 2050 en Taux vun 32% erreechen. Am Zeenario vun der CSL ass awer och eng Deckelung vun de Cotisatioune virgesinn.

Et muss sech dat ganzt emol duerchrechnen

Egal wéi, se schéngen der IGSS net wierklech ze trauen a sinn der Meenung dat et noutwenneg wier, genee Berechnungen iwwert d‘Realitéit vun de Revenue muss maachen, déi iwwert de Plafong an hir méiglech Auswierkungen op d‘Beiträg kéinten hunn. Déi „approximativ“ Estimatioune vun der CSL weisen drop hin, datt beim ewechloosse vun der Deckelung vir d‘Pensiounskeess bis 2050 d‘Recetten ëm 25% kéinten erhéijen.

Wann awer elo keng Erhéijung vun de Cotisatioune virgesinn ass, esou sollt et wéinstens eng Erhéijung vun der Solidaritéitssteier ginn.

Wann awer elo keng Erhéijung vun de Cotisatioune virgesinn ass, esou sollt et wéinstens eng Erhéijung vun der Solidaritéitssteier ginn. Dat emol als aner Pist déi ze envisagéieren ass, an och nëmmen d‘Entreprise géif betreffen, während d‘Menagen eng nei Contributioun „solidarité vieillissement“ ze erdroen hätten.

Eng Contributioun déi net nëmme Lounofhängeg wier mee och d‘Revenue vu Kapitalerträg géif berécksiichtegen. Déi si jo bis ewell nach net Cotisatiounsfäeg, mee géifen der sozialer Kohäsioun tëscht de Generatioune gutt zu Gesiicht stoen.

Eng progressiv Rent

D‘Salariatskummer erënnert dann och alt nees un hire Virschlag vun der progressiver Rent. „D‘Dispositioune vun der progressiver Rent sollten et dem Salarié vun iwwer 56 Joer erlaben eng Aarbechtszäitverkierzung vu bis zu 50% unzefroen. Hie kéint dann iwwer d‘Ausmooss vun dëser Reduktioun entscheeden an d‘Organisatioun vun der Aarbecht misst an engem Accord tëscht dem Patron an dem Salarié festgehale ginn“, esou d‘CSL. Si weist dann och drop hin, dat d‘Käschte vir d‘Pensiounskeess am schlëmmste Fall „neutral“ géif bleiwen.

Related topics CSL, IGSS, Pensioun, Rentemauer, Salariatskummer
Next post Previous post