Search

You may also like

TNS Ilres: Wien ass dee schéinsten am Lëtzebuerger Land?
Kultur Neiegkeeten

TNS Ilres: Wien ass dee schéinsten am Lëtzebuerger Land?

Et ass nach 2017 a bis zu de Chamberwahle sinn

Editorial: Brauch Europa en Debat zur Aféierung vun der Doudesstrof?
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Brauch Europa en Debat zur Aféierung vun der Doudesstrof?

D‘Zäite veränneren sech, déi Wäerter fir déi eis Elteren agestane

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen
Kultur Neiegkeeten

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen

Onpopulär awer néideg… haut annoncéiert déi franséisch Regierung d‘Erofsetze vun

Salon 2019 vum Cercle Artistique: Appell un d’Artisten!

Salon 2019 vum Cercle Artistique: Appell un d’Artisten!

Am Kader vun der 5. Editioun vun der Luxembourg Art Week gëtt vum 2. bis de 14. November de Salon 2019 vum Cercle Artistique Lëtzebuerg (CAL) am Tramsschapp (rue Ermesinde um Lampertsbierg) organiséiert. Heivir ginn ab elo Artisten aus diverse Beräicher opgeruff, sech ze mellen.

Heibäi handelt et sech ëm eng zäitgënessesch Ausstellung, déi vun enger internationaler Jury bewäert gëtt, woubäi een eng Iwwersiicht iwwert déi aktuell kreativ Zeen zu Lëtzebuerg an den Nopeschlänner kréie soll. D’Expo ass fir divers Beräicher vun der Konscht a sengen Techniken oppen, sou datt all Uspréch un déi artistesch Qualitéit, d’Recherche, d’Innovatioun an d’Originalitéit ofgedeckt sinn.

De CAL invitéiert dofir all Lëtzebuerger an/oder auslänneschen Artist, deen am Grand-Duché wunnt, dräi vu senge jéngste Wierker auszestellen. Dës Konschtwierker dierfen am viraus weder op de soziale Medien, nach ëffentlech zu Lëtzebuerg oder am Ausland gewise gi sinn.

Wien virum kriteschen Ae vun der Jury besteet, ka sech a seng Konscht vum 2. bis de 14. November 2019 fir den traditionelle Salon am Tramsschapp presentéieren. Donieft wäerte vum 8. bis den 10. November an, oder och an de Raimlechkeete vum Hal Victor Hugo eng Auswiel u Lëtzebuerger an internationale Galerien zäitgenëssesch a bekannt Artiste weisen.

Aschreiwe soll ee sech iwwert ee spezielle Formulaire, deen uschléissend un cal@vo.lu geschéckt gëtt. Bis Donneschdes, den 22. August 2019 um 12:00 Auer kann ee seng Bewerbung areechen. Weider Detailer an d’Konditioune fannt Dir ënnert www.cal.lu.

Related topics Appell, Ausstellung, CAL, Cercle Artistique Lëtzebuerg, Konscht, Salon 2019, Tramsschapp
Next post Previous post