Search

You may also like

Editorial: Wann d‘Demande d‘Offer bestëmmt
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Wann d‘Demande d‘Offer bestëmmt

Laut engem Bericht vun Eurostat ass Lëtzebuerg dat Land an

money
Wirtschaft: Däitsch-franséischen Hëllefsprogramm
Kultur Neiegkeeten

Wirtschaft: Däitsch-franséischen Hëllefsprogramm

Si gesinn sech selwer als de „Motor vun der Europäescher

Neigestaltung vum Knuedler hëlt Form un
Kultur Neiegkeeten

Neigestaltung vum Knuedler hëlt Form un

2020 dierft a villen Hisiichten en mouvementéiert Joer fir d‘Haaptstad

Steel, Wood, Stone & Co. – Déi éischt Editioun vum Salon de la Sculpture

Zu Uewerkuer steet nach bis e Sonndeg d’Skulptur an all senge Formen a Faarwen am Virdergrond. De Salon de la Sculpture am Hall O beweist, datt dës Konschtform eng grouss Diversitéit ze bidden huet, verbënnt Artiste mat Konschtbegeeschterten a bréngt nees kulturell Beweegung op.

D’Iddi fir eng Konschtfoire ze organiséieren, stoung scho méi laang am Raum, erkläert d’Réjane Nenning, Responsabel vu der Kulturkommissioun an der Gemeng Déifferdeng. Nodeems dunn déi 8. Editioun vum Skulptur-Symposium geplangt, de Budget fir d’Verwierklechung vun der Iddi gepasst an den Accord vun alle Säiten do war, konnt et Ufank des Jores mat der konkreter Planung lassgoen.

Ma, haut hunn d’Visiteure vum Salon d’Méiglechkeet, zousätzlech d’Wierker vum Symposium, deen den 18. Mee ugefaangen huet an elo säi leschten Dag zelebréiert, ze gesinn. Zil ass et den Artisten eng Plattform an déi néideg Visibilitéit ze schenken, déi d’Skulptur verdéngt huet. Gesellegkeet an Accessibilitéit sinn déi zwee Leetfiedem, un deene sech orientéiert gouf.

Salon de la Sculpture© Shari Pleimelding / moien.lu

Dat ass mat e Grond, wisou weder Entrée verlaangt, nach de Kënschtler bei de verkaafte Wierker eng Kommissioun gefrot gëtt, sou d’Réjane Nenning weider. Verléift ee sech an eng Skulptur, ënnerstëtzt een domat zu 100 % den Artist.

A senger Gesamtheet iwwerzeegt de Salon duerch Eleganz a Qualitéit. Op den éischte Bléck erkennt de Visiteur, ëm wéi een Kënschtler et sech handelt. Donieft duerft dann och all Artist sech en Zitat eraussichen, dat grouss visibel ass, an a gewësser Form schonn de Charakter vun der jeeweileger Persoun ënnerstëtzt.

Vu Keramiken, iwwert Holz, hin zu Glas a souguer Pabeier stellen déi 21 Kreateuren d’Potential vun der Skulptur ënnert Beweis. Mat dobäi ass d’Fabienne Goerens, fir esou Munchen éischter en neit Gesiicht.

„De Kueb ass mäi Porte-Bonheur“

Nodeems d’Fabienne Goerens virun net all ze laanger Zäit an den ARC Kënschtlerkrees opgeholl ginn ass, goung et fir d’Kënschtlerin steil no uewen. Nieft hirem Beruff als Konschtproff an engem Lycée schafft si haaptsächlech mat Holz a Keramik. Dobäi sinn et besonnesch d’Déieren, d’Natur an de Mënsch déi si faszinéieren a Sujet vun de Kreatioune ginn.

Salon de la Sculpture
D’Fabienne Goerens um Salon de la Sculpture © Shari Pleimelding / moien.lu

Esou sinn am Hall O ënnert anerem zwou faarwefrou a liewensgrouss Dammen aus Keramik ze gesinn, déi lénks a riets hire Beräich „am A behalen“. Dotëscht – en dierf op kenger Ausstellung feelen – de Kueb als Glécksbrénger. Ma, de schwaarze Gesell ass awer net dat eenzegt Déier: Eng Rei Äerdmännercher zitt d’Opmierksamkeet op sech.

Liicht um Steampunk inspiréiert – eng kulturell Beweegung, déi d’Fabienne Goerens faszinéiert – loosse si, equipéiert mam Zylinder, Monokel an enger Bronze-Fliedermaus-Maisschen un der Léngt, en déckt Grinsen ënnert der Mask net aus. Se wierken bal, wéi op der Sich nom nächste Klamauk.

Weider Informatiounen

Eng Visitt lount sech definitiv, an de Weekend bitt sech perfekt dofir un! Mir roden och dozou, e bëssen Zäit mat ze bréngen – d’Detailer sollt ee sech ukucken an d’Gespréicher mat de Kënschtler rënnen d’Evenement perfekt of.

Mat dobäi si folgend Kënschtler: Tom Flick, Wouter van der Vlugt, Lukas Arons, Katarzyna Kot-Bach et les sculpteurs indépendants Yvette Gastauer-Claire, Laure Mackel, Assy Jans, Marie-Josée Kerschen, Rita Sajeva, Rafael Springer, Menny Olinger, Mario Vandivinit, Gérard Claude, Fabienne Goerens, Iva Mrazkova, Karolina Pernar, Florence Hoffmann, Anne-Marie Grimler, Myriam R Schmit, Rol Backendorf an Ellen van de Woude.

Den 29. Mee ass op vun 14:00 bis 19:00 Auer, den 30. Mee gi schonn um 10:00 Auer d’Dieren op. Fannen deet een de Salon am Hall O (Avenue du Parc des Sports, 4671 Déifferdeng). Weider Informatioune fannt Dir op www.aaltstadhaus.lu.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie zum Salon de la Sculpture © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Anne-Marie Grimler, Assy Jans, Ellen van de Woude, Expo, Fabienne Goerens, Florence Hoffmann, Foire, Gérard Claude, Hall O, Iva Mrazkova, Karolina Pernar, Katarzyna Kot-Bach et les sculpteurs indépendants Yvette Gastauer-Claire, Konscht, Laure Mackel, Lukas Arons, Marie-Josée Kerschen, Mario Vandivinit, Menny Olinger, Myriam R Schmit, Rafael Springer, Réjane Nenning, Rita Sajeva, Rol Backendorf, Salon de la Sculpture, Tom Flick, Uewerkuer, Wouter van der Vlugt
Next post Previous post