Disco Soup – fir eng nohalteg Landwirtschaft
Leschte weekend huet d’Aktioun Good Food Good Farming a ganz
Leschte weekend huet d’Aktioun Good Food Good Farming a ganz
Doriwwer sinn déi Lénk an der Stad guer net frou:
De komplette Programm vun der 13. Editioun « hybride »vum CinEast (Zentral-
Bei der éischter Editioun vum Salon des Douceurs kréien de Schockela a seng raffinéiert Aartgenossen eng ganz besonnesch Plaz. De Salon, dee vun der Societéit The Storm Events organiséiert gëtt, zitt passionéiert Meeschter vum séisse Wierk an de Grand-Duché. Wärend dem ganze Weekend ginn, ganz am interaktive Stil, och d’Visiteure begeeschtert.
A Kollaboratioun mat Les Sucrés du Lux, ee Grupp aus 8 héich talentéierte Chef-Patissieren, wäerten 8 live Demonstratioune stattfannen, woubäi all Persoun de genaue Verlaf an d’Rezept matverfollege kann, an esou och direkt hëllefräich Tipps vun dëse professionelle Chef-Patissiere kritt.
Déi passionéiert Patissiere wëllen dem Visiteur hir Leidenschaft méi no bréngen. Mat Hëllef vun Ateliere kann een esou ee Produit kenneléieren, beréieren a manipuléieren. Um Programm sti beispillsweis de Peffer, aromatesch Planzen an iessbar Blummen. Donieft gëtt och nach een Halloween-Atelier proposéiert, bei deem Kürbisse geschnëtzt an Donuts verschéinert ginn.
Ee kulinaresche Salon braucht eng Competitioun. Esou kënne bei zwee Concoursen d’Amateuren hiert Wierk presentéieren a vun enger Jury aus Professionelle probéiere loossen. Wien ageschriwwen ass kann seng Dessertsvisioun um Samschdeg zum Thema „Gâteau au Chocolat“, an e Sonndeg zum Thema „Gâteau de mon Enfance“ presentéieren. Ënnert alle Participante kréien déi 3 Bescht super Cadeauen.
Natierlech geet et beim Salon och dorëm, sech ze informéieren. D’Visiteure kënne mat Freed ee Virtrag vum Mickaël Azouz, Chocolatier mat Weltmeeschtertitel, verfollegen. Dobäi erkläert hien ënnert anerem, woubäi Schockela kann nëtzlech sinn.
Et gëtt ee Weekend, un deem sech d’Opstoe lount. Déi éischt 100 Visiteure kréien um Sonndeg Moien nämlech Kaffi ugebueden, fir esou den Dag gutt geniert ze starten. Dofir sollt een um 9:00 Auer op der Plaz sinn.
De Salon des Douceurs gëtt um éischte Weekend am Oktober organiséiert. Samschdes, de 5. Oktober ass op vun 11:00 bis 21:00 Auer. Sonndes, de 6. Oktober kann ee vun 9:30 bis 19:00 Auer kucke kommen. D’Entrée läit fir déi Erwuesse bei 10 € am Virverkaf, 12 € an der Oweskeess. Kanner tëscht 7 a 14 Joer bezuele 5 € am Virverkaf a 7 € an der Oweskeess. All Kand ënner 7 Joer kënnt gratis eran.