Search

You may also like

Iessen an Drénken: De beschte Chef ass?
Kultur Neiegkeeten

Iessen an Drénken: De beschte Chef ass?

Um Méindeg war et e schéinen Dag fir d‘Gastronomen a

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?
Kultur Neiegkeeten

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?

Wirtschaftswuesstem an Aarbechtsplaze sinn ee wichtege Sujet, besonnesch ugesiichts enger

Erfollegräich Schnoffelnuesen: Ronn zwou Milliounen Euro Boergeld um Findel opgespuert
Kultur Neiegkeeten

Erfollegräich Schnoffelnuesen: Ronn zwou Milliounen Euro Boergeld um Findel opgespuert

Wéi d’Douane an de Wirtschaftsministère matdeelen, hunn déi zwee Hollandse-Herder-Geldspierhënn

E puer Andréck vum Salon du CAL 2020

Nach bis den 22. November 2020 ginn am Tramsschapp um Lampertsbierg zäitgenëssesch Wierker vu ronn 50 Lëtzebuerger Artisten presentéiert. Ma, an dësem Joer leeft et zimlech roueg fir de Salon du CAL of: Just 75 Persounen dierfe gläichzäiteg, an dat och just mat Reservatioun, op der Plaz sinn.

Schéinheet läit am A vum Betruechter a grad Konscht suergt oft fir gemëscht Meenungen. Am Salon du CAL ginn eng Rei Wierker ausgestallt – vu Molerei, iwwert Fotografie, bis hin zur Skulptur – déi ouni Erklärung fir e grousst Fragezeechen suergen. Ma, bei zäitgenëssescher Konscht geet et ëm d’Emotioun an och oft ëm d’Iddi dohannert, wouduerch mir op alle Fall eng guidéiert Visitt uroden.

Besonnesch opfälleg sinn déi verschidden Ausféierungen a Stiler, déi fir eng immens ofwiesslungsräich Expo suergen. Anescht wéi d’Joer virdru, si relativ wéineg Skulpturen a fräistoend Wierker ausgestallt, wat awer vläicht dorop zeréckzeféieren ass, datt déi aktuell Moossnamen bestëmmt Distanze vun de Gäng virschreiwen an esou ausräichen Ofstand ënnert de Visiteure garantéiert soll ginn.

A propo Moossnamen: Nach ier d’Visitt vum Salon du CAL ugefaange ka ginn, gëtt een mat Desinfektiounsmëttel an der Entrée demonstrativ dorëm gebieden, sech dach d’Hänn ofzemaachen. D’Droe vun enger Mask ass wärend dem ganze Rondgang obligatoresch an muss ee säi Wee un d’Feiler um Buedem upassen. Är Visitt kënnt Dir op cal.lu reservéieren. Eng Stonn steet all Gaascht zur Verfügung.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur dësjäreger Editioun vum Salon du CAL © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Artisten, Billergalerie, Expo, Salon du CAL, Tramsschapp, Zäitgenëssesch Konscht
Next post Previous post