Search

You may also like

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!
Kultur Neiegkeeten

LVI Beliichtungscheck: Luucht un, och um Vëlo!

Um Donneschdeg, de 7. November 2019 organiséiert d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI),

Covid19: An Däitschland sollen och Déiere getest a gemellt ginn
Kultur Neiegkeeten

Covid19: An Däitschland sollen och Déiere getest a gemellt ginn

Kléngt no engem schlechte Witz, dobäi ass et eisen däitschen

Hollerecher Bierger fuerderen ee Park
Kultur Neiegkeeten

Hollerecher Bierger fuerderen ee Park

Méi Gréngs amplaz Beton fir Büro’en De Blo-Gringen Schäfferot vun

Salon du CAL: Vum 1. bis den 20. November am Tramsschapp

Vum 1. bis den 20. November invitéiert de Lëtzebuerger Kënschtlerkrees ob säi mëttlerweil traditionelle Salon du CAL am Tramsschapp um Lamperstbierg an. Dobäi ginn op 600 Quadratmeter déi villfälteg Konschtwierker vu bal 50 Artisten presentéiert. Interessi? Da mellt Iech am viraus un.

Duerch déi aktuell Lag a Saache Covid-19, a fir genuch Distanz tëscht de Visiteuren ze garantéieren gi just 75 Persoune gläichzäiteg, an nëmme mat Reservatioun eragelooss. D’Visitt beschränkt sech op eng Stonn an den Tour muss esou gemaach ginn, wéi virgeschriwwen. Datt d’Droe vun der Mask obligatoresch ass, dierft mëttlerweil Usus sinn.

Dës weideren sinn och guidéiert Visitte vun 2 x 9 Persoune méiglech. Och heivir sollt ee sech am viraus umellen.

Vu faarwege Molereien, iwwert originell Skulpturen, hin zu eenzegaartegen a kreativen Wierker fannt Dir am Salon du CAL genee dat, wat dat artistescht Häerz erfreet. Hei d’Lëscht mat de presente Kënschtler:

CAL

An dësem Kader huet e Jury aus den austellenden Artisten zwee Gewënner vum Präis Pierre Werner 2020 ausgewielt. Souwuel d’Lisa Kohl (Fotoserie „Sleepers 2“, wéi och de Filip Markiewicz (Bild „Antigone“) kënne sech iwwert d’Auszeechnung an d’Geldzomm vun 2,500 € freeën.

De Präis gëtt all 2 Joer u besonnesch pregnant Kënschtler vum CAL iwwerreecht, fir esou och de fréieren Kulturminister Pierre Werner ze wierdegen

De Jury war besat vum Suzanne Cotter, Direkescht vum Mudam; d’Dr Gabriele Lohberg, fréier Direktesch vun der Europäescher Konschttakademie zu Tréier; de Christian Mosar, Konschtdirekter vum Espace Lavandier an dem Bridderhaus zu Esch-Uelzecht; den Daniel Michiels, Fotograf; de Guy Thewes, Historiker an Direkter vum Stater Musée. President vum Jury war de Marc Hostert, President vum CAL, wärend d’Sekretärin d’Satu Corke, Generalsekretärin vum CAL, war.

Billergalerie: Gëschter gouf op d’Pressekonferenz vum Salon du CAL geruff. Heibäi goufen net nëmmen d’Kënschtler, mee och déi sanitär Moossname presentéiert © Henri Goergen

Related topics Cercle Artistique Lëtzebuerg, Filip Markiewicz, Lampertsbierg, Lisa Kohl, Präis Pierre Werner, Salon du CAL, Tramsschapp
Next post Previous post