Search

You may also like

La rencontre des Entrepreneurs – d’Groussherzogin a Frankräich
Neiegkeeten

La rencontre des Entrepreneurs – d’Groussherzogin a Frankräich

Um Donneschdeg, den 29. August ass S.A.R. d’Groussherzogin als internationalen

Wladiwostok: De Sommet vun den Aussesäiter
Neiegkeeten

Wladiwostok: De Sommet vun den Aussesäiter

Si ass de Russen hir wichtegst Hafestad um Pazifik an

Youth For Climate – ee Statement zum zivillen Ongehuersam!
Neiegkeeten

Youth For Climate – ee Statement zum zivillen Ongehuersam!

“Um 24. Mee huet Youth For Climate déi Rout Bréck

Salon du Vintage – Um 24. a 25. Oktober an der LuxExpo

Salon du Vintage – Um 24. a 25. Oktober an der LuxExpo

Exklusiv fir d’éischt kéier ze Lëtzebuerg gëtt et eng Ausstellung iwwert den Karl Lagerfeld. De Salon du Vintage wäert op déi ikonesch Kreatiounen vum virun iwwert engem Joer verstuerwenen Kreateur zeréckkommen : Vun den éischten Stécker vum „Kaiser“ aus dem Hause Chloé an den 70er Joren bis zu sengen Chanel-Joren, wou hien op senger Aart a Weis den Esprit vum Gabriell Chanel verwandele konnt.

De Salon du Vintage gëtt all Keefer d’Méiglechkeet, no Eenzelstécker ze kucken an verantwortungsbewosst Vintage-Stécker ze kafen déi hiren CO2-Foussofdrock scho benotzt hunn. An dobäi vill Animatiounen genéissen : Tattouagen, Make-up, Barber, Arcaden, an Optrëtter vun talentéierten Dänzer. Fir d’Liibhaber vun der Iess-Kultur gëtt et natierlech e räichhaltege Choix vun den beschten Street-Food Stänn aus Lëtzebuerg.

Sidd dir prett fir eng Rees an der Zäit?

Salon du Vintage

Wéi, wat a wou?

De Salon du Vintage fënnt Samschdes, de 24. Oktober a Sonndes, de 25. Oktober 2020 an der LuxExpo statt. Et ass op vun 10:00 bis 19:00 Auer. D’Entrée kascht 8 €, Kanner ënner 8 Joer komme gratis eran.

Related topics Chanel, Chloé, Eenzelstécker, Foire, Karl Lagerfeld, LuxExpo, Salon du Vintage
Next post Previous post