Search

You may also like

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren
Neiegkeeten

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren

432 Deputéiert hunn am House of Commons, géint dee vum

De CinEast huet méi wéi 10.400 Persounen an de Kino gezunn
Neiegkeeten

De CinEast huet méi wéi 10.400 Persounen an de Kino gezunn

Et war déi 11. Editioun vum Festival CinEast, ee Lëtzebuerger

D’Bicherdeeg 2019: Mat alle Sënner liesen!
Neiegkeeten

D’Bicherdeeg 2019: Mat alle Sënner liesen!

Den offizielle Programm vun der Editioun 2019 vun de „Journées

Profession’L: Fir Frae, op der Sich no enger neier Karriär

Profession’L: Fir Frae, op der Sich no enger neier Karriär

Fir eng éischt Kéier kënnt kennt Profession’L, eng Foire fir Fraen op der Sich no neien Aarbechtsperspektiven, och op Lëtzebuerg. Zënter senger Kreatioun am Joer 2013 a Frankräich huet dës Foire 18 erfollegräich Editiounen zu Bordeaux, Lille, Lyon, Nantes, Potiers an Toulouse gefeiert.

Profession’L verbënnt Visiteure mat Experten aus de Beräicher Formatioun, Rekrutement, Business, Kreatioun an individuelle Support. Et geet ëm Networking an natierlech och Äntwerten op déi eege Froen ze kréien. Mat Konferenzen a Workshop, gefëllt mat inspiréierende Rieden an Approchen, gëtt d’Evenement perfekt ofgerënnt.

Kucke mir op d’Zuelen, dann huet d’Foire 30.000 Fraen opgezielt, déi vum Service Profession’L profitéiert hunn. Eng Etüd, déi een halleft Joer no den Editioune vun 2018 an 2019 lancéiert ginn ass, huet bewisen, datt 70 % vun de weibleche Geschëpfer professionell geklomme sinn.

Rendez-Vous ass um 23. Abrëll 2020 am Cercle Cité. Den Entrée ass gratis, allerdéngs gëtt geroden sech online iwwert www.salonprofessionl.com unzemellen.

Related topics Aarbecht, Cercle Cité, Foire, Profession'L, Professioun, Salon
Next post Previous post