Search

You may also like

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China
Kultur Neiegkeeten

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China

Wéi d‘Direktioun vun der Cargolux gëschter matgedeelt huet, gi zur

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!
Kultur Neiegkeeten

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!

No der Propositioun vum Gesondheetsminister Étienne Schneider huet de Rot

Floumaart an der Stad Lëtzebuerg: Avis aux Amateurs“!
Kultur Neiegkeeten

Floumaart an der Stad Lëtzebuerg: Avis aux Amateurs“!

Vun Abrëll bis Oktober, organiséiert d‘Stad Lëtzebuerg all éischte Sonndeg

VERRÉCKELT: SALUT SALON um 3. Oktober 2020 am Cube 521

VERRÉCKELT: SALUT SALON um 3. Oktober 2020 am Cube 521

De fir e Samschden den 3. Oktober 2020 geplangten Optaktconcert mat dem Klassik Quartett „Salut Salon“ muss, wéinst den aktuelle Reeswarnunge fir Lëtzebuerg, op den 18. Abrëll 2021 verréckelt ginn.

Ticketen, déi schonn s kaaft gi sinn, behalen hir Gëltegkeet. Fir weider Froen ze beäntwerten, went Iech wann ech gelift un den Ticketservice.

Säit 18 Joer begeeschteren d’Echo-Gewënnerinnen hire Publikum weltwäit mat Charme, Humor a virtuoser Klassik vu Bach bis Prokofiev, mat Tango Nuevo vum Astor Piazzolla, mat eegene Chansons an Instrumental-Akrobatik. Ewéi bei villen erfollegräiche Musek-Quartetter ass och bei „Salut  Salon“ d’Häerzstéck en Duo: Angelika Bachmann an d’Iris Siegfried hunn schonn zesummen am Schülerorchester zesumme gespillt.

Wat och ëmmer sech mat där vun hinnen esou geléifte klassescher Musek verbanne léisst, mat  „Salut  Salon“ verbannen si et: Tango, Chansons,  Folk- a Filmmusek.

Als Quartett – mam Olga Shkrygunova um Fligel an dem  Anna-Lena  Perenthaler um Cello sinn si solistesch virtuos an als gläichberechtegt Ensembel net ze toppen. Och an hirer neie Büneshow geet et ëm Dreem an den Zauber, dee vun Dreem ausgoe kann.

Ob mam Tschaikovskys „Winterträume“, dem Ysaÿes „Rêve  d’enfant/Traum  eines  Kindes“ oder de „Hedwig’s Theme“ aus der  Filmmusek  vum  Harry  Potter – déi véier Musekerinnen zauberen, spillen, sangen, rappen a steppen.

D’Reservéierung ass obligatoresch. Entweder iwwer Telefon (+  352 521 521) oder online (www.cube521.lu)

  • Erwuessener 25 €
  • Cube Card 20 €
  • < 26 Joren 12 €

D’Anhale vun de Sécherheetsmoossname gëtt garantéiert.

Weider Informatioune fannt Dir hei:

www.cube521.lu

Opmaacherbild: © Gabo

Related topics Angelika Bachmann, Bach, Chanson, Concert, Cube 521, Hamburger Klassik Quartett, Iris Siegfried, Prokofiev, SALUT SALON, Tango Nuevo
Next post Previous post