Search

You may also like

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert
Kultur Neiegkeeten

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert

Internet, eng Plaz déi vill als „rechtsfräie“ Raum betruechten, ass

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen
Kultur Neiegkeeten

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen

Souwuel um weltwäiten, wéi och um nationalen Niveau erliewe mir

Massepanik bei Pilgerfest zu Meron – 44 Mënsche stierwen
Kultur Neiegkeeten

Massepanik bei Pilgerfest zu Meron – 44 Mënsche stierwen

Um Donneschdeg hunn an Israel, wéi all Joers, zéngdausenden Orthodoxen

Cube 521: Kee Salut Salon, dofir en anere wierdegen Optaktconcert

Cube 521: Kee Salut Salon, dofir en anere wierdegen Optaktconcert

De fir e Samschden den 3. Oktober 2020 geplangten Optaktconcert am Cube 521 mat dem Klassik Quartett „Salut Salon“ muss, wéinst den aktuelle Reeswarnunge fir Lëtzebuerg, op den 18. Abrëll 2021 verréckelt ginn.

Ticketen, déi schonn s kaaft gi sinn, behalen hir Gëltegkeet. Fir weider Froen ze beäntwerten, went Iech wann ech gelift un den Ticketservice.

Mir freeën eis trotzdeem op d’Erëffnung vun der Saison 20/21 am Cube, a feieren dëst de Samschden den 3. Oktober 2020 um 20.00 Auer mat engem Concert vum Pianist Jean Muller an dem Ensembel Contraste.

Déi fënnef virtuos Museker widmen sech an hirem Programm dem klasseschen Tango, mat Wierker vun Piazolla, Gardel an dem Iradier. De Repertoire vum Ensembel ëmfaasst Musek vu Barock bis Klassik, vun Tango bis Jazz a bis zu zäitgenëssesche Komponisten.

De villfach ausgezeechente Pianist Jean Muller interpretéiert dem Beethoven seng Sonate op. 53 in C-Dur “Waldsteinsonate” an d’Sonate op. 57 in f-Moll “Appassionata”.

D’Entrée zur Erëffnung ass gratis, allerdéngs ass d’Reservéierung vun de Plazen obligatoresch. Dëst ass ënnert der Nummer + 352 521 521 méiglech.

Och déi geplangt Familljevirstellung „Mama Muh und die Krähe“ vum Sonndeg de 4. Oktober 2020 muss op de 27. Juni 2021 um 16 Auer verréckelt ginn. D’Virstellunge fir Schoule vum 5. Oktober 2020 ass op den 28. Juni 2021 verréckelt ginn.

Och hei gëllt: Kaarten déi schonn s kaaft gi sinn, behalen hir Gëltegkeet.

Opmaacherbild: © Dolo Iglesias / Unsplash

Related topics Cube 521, Jean Muller, Mamma Muh und die Krähe, Musék, OPtakt, Pianist Ensemble Contraste, SALUT SALON, Virféierungen
Next post Previous post