Search

You may also like

Vu bëllegem Tubak an ondichte Grenzen
Neiegkeeten

Vu bëllegem Tubak an ondichte Grenzen

Nodeems d‘Regierung zu Paräis de groussaartegen Afall hat, per Gesetz

Fabula Rasa: Déi anert Aart a Weis Geschichten ze erzielen
Neiegkeeten

Fabula Rasa: Déi anert Aart a Weis Geschichten ze erzielen

Mam Programm vum Fabula Rasa versetzen d’Rotondes de Spectateur an

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)
Neiegkeeten

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)

Et war ee schwaarzen Dag fir de Manfred Weber (CSU),

Sandhurst Medal: Auszeechnung fir de Groussherzog an den Ierfgroussherzog

Bei enger Audienz am groussherzogleche Palais huet S.E. John Marshall, Ambassadeur vu Groussbritannien an Nordirland, eise Groussherzog Henri an den Ierfgroussherzog Guillaume mat der sougenannter Sandhurst Medal ausgezeechent.

Am Joer 1974 huet de Groussherzog nämlech seng Formatioun als Offizéier un der Kinneklecher Militär-Akademie vu Sandhurst a Groussbritannien ugefaangen, a krut knapp ee Joer drop den Statut als Offizéier. Ma, vu September 2001 bis August 2002 huet den Ierfgroussherzog et sengem Papp gläich gedoen an déi selwecht Formatioun duerchgezunn.

D’Sandhurst Medal gëtt zënter 2016 als Unerkennung fir besonnesch Leeschtunge vun internationale Studenten, déi erfollegräich d’Formatioun zum Offizéier un der Akademie gepackt hunn, iwwerreecht. Iwwer 4.800 fréier international Schüler aus méi wéi 120 verschidde Länner goufen esou scho geéiert. Dës weidere kritt all ausgezeechent Persoun Zougang zu Sandhurst Trust, wouduerch si a Kontakt mat der Akademie a fréiere Kollege kënne bleiwen.

Nieft S.E. John Marshall, huet och de Group Captain Justin Fowler, Militärattaché vu Groussbritannien fir d’Belsch a Lëtzebuerg, den Tim Gemers, politesche Beroder an der Verdeedegung an d’Madamm Jocelyne Horrocks, exekutiv Assistentin vun dem Militärattaché.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Audienz © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Related topics Auszeechnung, Group Captain Justin Fowler, Groussbritannien, groussherzogleche Palais, Ierfgroussherzog Guillaume, Jocelyne Horrocks, Medaile, Militärattaché, S.A.R. de Groussherzog Henri, S.E. John Marshall, Sandhurst Medal, Tim Gemers
Next post Previous post