Search

You may also like

Erliefnisbericht vum ING Marathon 2019
Neiegkeeten

Erliefnisbericht vum ING Marathon 2019

Leschte Samschdeg war nees den ING Marathon an der Stad.

Géint de Broschtkriibs: Den Oktober kleet sech Rosa!
Neiegkeeten

Géint de Broschtkriibs: Den Oktober kleet sech Rosa!

Nom Kampf géint de Klimawandel an d‘Inaktivitéit vun der Politik,

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn
Neiegkeeten

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn

Wat d’Lëscht vun den Avisen zum Gesetz zur Promotioun vun

D’Sandmeedchen: Wat geschitt, wann de Sandmann an d’Pensioun geet?

Dat éischt Kannerbuch an erweiderter Realitéit.

D’Sandmeedchen: Wat geschitt, wann de Sandmann an d’Pensioun geet?

Fir d’Rotondes ass et eng Première. De Bouneweger Kulturzenter huet net nëmmen säin éischt Kannerbuch verëffentlecht, et ass och an erweiderter Realitéit. Domat steet scho fest, datt et keen gewéinlecht Buch ass.

Mat der Ausstellung AB/Augmented Books 2.0 hunn d’Rotondes well op dës Realitéiten a Bicher opmierksam gemaach. An dësem Kader gouf och d’Sandmeedche presentéiert. Dobäi war e klengen Abléck an e puer Säite méiglech.

D'Sandmeedchen

© Rotondes

Mee dat Bescht kënnt nach!

Den Numm vum Buch verréit eis, datt de bekannte Sandmännchen eng Roll an der Geschicht iwwerhëlt. Dëse geet nämlech an d’Pensioun, a vun elo un ass säi Meedche fir de Familljebetrib, schéin Dreem an en déiwe Schlof zoustänneg. D’Sandmeedchen muss kleng Kannerae mat Sand bestreeën. Doriwwer ass seng Kusinn d’Nuecht net frou: Owes eleng ze sinn mécht hatt schrecklech traureg.

Dofir entscheet hatt sech dem Sandmeedche säi Säckelchen ze verstoppen. Ma, dat bleift net ouni Konsequenzen.

D'Sandmeedchen
© Rotondes

Den Auteur Yorick Schmit war fir d’Geschicht an de Message tëscht den Zeilen zoustänneg. „Ech wollt datt d’Kanner verstinn, datt mir eis heiansdo eleng fillen, mee datt et ëmmer Mënsche ginn, déi fir ons do sinn.“

D’Illustratioune vum Dirk Kesseler vervollstännegen d’Geschicht. „D’Sandmeedechen huet e sportlechen, liicht androgynne Look. Hatt weist eng modern Facette vu Geschichten, mat deenen Elteren a Kanner sech identifizéiere kënnen“, erkläert hien.

Eng weider Besonneschheet: De Studio Virtual Rangers huet eng mobil App entwéckelt, déi Zeenen aus dem Buch an 3D animéiert, an op Google Play an am App Store ze fannen ass. Domat wäerten Kleng a Grouss eng riseg Freed mam Sandmeedchen hunn.

D'Sandmeedchen

© Rotondes

D’Sandmeedchen um LiteraTour

Dat Lëtzebuergescht Buch „D’Sandmeedchen“ gouf an Zesummenaarbecht mat der Kremart Editioun verëffentlecht. Am Kader vum LiteraTour wäert den Auteur Yorick Schmit den 18. Abrëll 2021 um Stand vun der Editioun present sinn an en Extrait aus dem Buch virliesen.

D’Sandmeedche kann an de Librairien, sou wéi bei de Rotondes selwer bestallt ginn.

Weider Informatioune fannt Dir hei op www.rotondes.lu.

Opmaacherbild: © Rotondes

Related topics Augmented Books 2.0, D'Sandmeedchen, Familljebetrib, Rotondes, Sandmännchen, virtuell Realitéit, Yorick Schmit
Next post Previous post