Search

You may also like

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert
Kultur Neiegkeeten

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert

E Sonndeg huet Réiden erëm mat ee grousse Programm un

Art on the Street – d’Haaptstad als Konschtwierk
Kultur Neiegkeeten

Art on the Street – d’Haaptstad als Konschtwierk

D’Stad Lëtzebuerg presentéiert och nach dëst Joer de Laangzäitprojet mam

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir
Kultur Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir

Bei eisem däitsche Noper lafen aktuell ënnert anerem zu Tréier

D’Sandmeedchen: Eng Posch voller Dreem, ee Këssen voller Hoffnung

D’Sandmeedchen: Eng Posch voller Dreem, ee Këssen voller Hoffnung

Mamma, liese mir haut e Buch? Ma natierlech! Fir ze eppes zesummen ze liesen an dobäi ze kuschelen, sollt ëmmer Zäit sinn. A genee do kënnt déi besonnesch Geschicht „D’Sandmeedchen“ an d’Spill.

Dëst Buch vun de Rotondes, dat a Kollaboratioun mat Kremart Editions lancéiert konnt ginn, ass a villen Hisiichten eenzegaarteg: Ënnert anerem ass et nämlech dat éischt Buch dat mat virtueller Realitéit verbonnen ass. Mat der gratis App vun de Rotondes erlieft een d’Geschicht net nëmmen um Pabeier, mee och um Handy. An dat gouf richteg gutt ëmgesat!

Mam Text vum Yorick Schmit an den zuelräichen Illustratiounen, déi et ze kucken gëtt, si mir aus dem Dreemen net méi erauskomm. Dobäi kënnt déi fantastesch an déifgrënneg Handlung.

D’Sandmeedchen
© Rotondes

De Sandmännchen, deen d’Pensioun hëlt, wénkt sengem Sandmeedchen. Elo ass hatt fir déi schéin Dreem zoustänneg. D’Kusinn, d’Nuecht ass jalous a fillt sech eleng – do kéint e scho bal soen, datt d’Sandmeedchen eng Geschicht ass, déi aus dem Liewe geschriwwe gouf. An dorëms geet et och. D’Nuecht klaut dem Sandmeedchen seng Posch Sand. Eng ongewéinlech Sich hëlt hiren Ufank. Fënnt d’Famill erëm zesummen? Wat erlieft d’Sandmeedchen? Wiem begéint hatt?

A wat erliewe mir beim Liesen a Kucke vun dëser Geschicht? Zefriddenheet a Gléck. Eng Posch voller Dreem ass an dësem Fall e Kësse voller Hoffnung. Dobäi ass de Message ganz kloer: Et ass een net eleng, och wann et sech dacks sou ufillt! A mat dësem Wëssen, kann e berouegt aschlofen.

Mir wënsch eng gutt Nuecht a schéin Dreem!

Opmaacherbild: Kollage aus dem Buch ‘D’Sandmeedchen’ © Rotondes, an dem Hannergrond vun © I Am Nah / Unsplash


Am Kader vum Weltdag vum Buch organiséiert d’Redaktioun vu Moien.lu eng ganz Wock zu Éiere vun der Literatur. Iech erwaarde Buchpresentatiounen, eng Visitt an d’Stater Buchbënnerei, spannend Informatioune ronderëm Bicher an hir Auteuren, sou wéi ee Gewënnspill.

Related topics D'Sandmeedchen, Dreem, Illustratiounen, Interaktiv, Kannerbuch, Nuecht, Rotondes, Sandmännchen, virtuell Realitéit, Yorick Schmit
Next post Previous post