Search

You may also like

Monsanto hat ee ganz besonnescht A op seng Kritiker
International Neiegkeeten

Monsanto hat ee ganz besonnescht A op seng Kritiker

Déi däitsch Bayer AG, déi den US-Chimiekonzern am Summer 2018

Schonn dräi Deeg Impfcampagne
International Neiegkeeten

Schonn dräi Deeg Impfcampagne

Zanter dem Méindeg gëtt et um Lampertsbierg an der Victor

Sudanese fuerderen eng Zivilregierung
International Neiegkeeten

Sudanese fuerderen eng Zivilregierung

D‘Sudanese waren es dem Omar al-Bashir midd an hu méintelaang

Wéi du mir, esou ech dir…

EU-Ausseminister beschléisse Sanktioune géint China, Peking akzeptéiert den Challenge

Wéi du mir, esou ech dir…

27 EU-Ausseminister hu gëschter wéi annoncéiert, Sanktioune géint d‘Volleksrepublik China eng Rei Strofmoossname géint déi „verantwortlech“ fir d‘Ënnerdréckung vun den Uiguren an der Provënz Xinjiang, beschloss. Et sinn déi éischt Sanktiounen zanter 30 Joer an d‘Zentralregierung vum Räich vun der Mëtt, hat entspriechend Géigemoossname virbereet.

Nodeems den Europäer no Joerzéngte vun Ontätegkeet endlech agefall ass, datt een eventuell net all Business op Käschte vun de Mënscherechter sollt agoen – woubäi doriwwer nozedenken eigentlech eppes fir d‘Wirtschaftsminister wier – hunn se sech gëschter fir wäitreechend a déifgräifend Strofe géint de kommunistesche Regimm decidéiert. Woubäi… eigentlech just géint Fonctionnairen.

Zu de Strofmoossnamen: d‘Verméigenswäerter vun de betraffenen natierlechen oder juristesche Persounen déi an Europa sinn ginn agefruer. Et dierfen dëse „Persounen“ kee Geld a keng Ressource méi zur Verfügung gestallt ginn. Och d‘Arees an d‘Unioun ass dëse Persounen ënnersot. Ëm wien et sech dobäi handelt? Dofir muss d‘Publikatioun am EU-Journal ofgewaart ginn.

Sanktioune géint ChinaDéi belsch Aussen- a Verdeedegungsministesch Sophie Wilmès hei zesumme mat eisem Jean Asselborn. Si hunn zesumme mat hire 25 Kolleege ee grousst Zeeche gesat. Bezunn op d‘Häert vun de Sanktiounen an dem Wëllen a China d‘Demokratie anzeféieren, hunn d‘EU-Ausseminister um Méindeg de Grondstee fir eng nei Weltuerdnung geluecht. © European Union

De Grond fir d‘Sanktiounen: d‘Sanktioune géint de wichtegsten Handelspartner an d‘Weltmuecht hu missen ergraff ginn, wëll Peking widderholl géint Mënscherechter verstéisst. Iwwer 1 Millioun Uiguren, Kasachen, Hui an aner Ethnien, huet déi kommunistesch Partei an der Provënz Xinjiang an „Ausbildungslager“ geparkt, wou se jorelaang fir europäesch Konzerner „produzéiert“ hunn.

Et ass eréischt nodeems et Drock op d‘Entreprise ginn huet an déi Alternativen zu dëse bëllege Produktiounsstanduerter fonnt – et ginn elo aner Mënschen ausgebeut – datt sech d‘EU-Politik konnt den USA uschléissen, an hirersäits elo och de Chinesen déi Mënscherechter erkläert, déi d‘Unioun beispillsweis am Mëttelmier an op senge Baussegrenzen am Balkan, mat Féiss trëppelt.

Aktioun Reaktioun

Déi leschte Kéier, wou sech déi wirtschaftlech vu China ofhängeg Europäesch Unioun zu engem Sträit mat de Kommunisten, aus dem Land vun éiwege Laachen, Sanktiounspolitesch ugeluecht hunn, hat sech d‘Regierung op der „Plaz vum Himmlesche Fridden“ (Tienanmen 1989) zu Peking ee reegelrecht Massaker vergënnt, datt d‘Weltgemeinschaft dann eppes an Opreegung versat hat.

Deemools gouf ee Waffenembargo verhaangen, dee bis haut gëllt. Et ass bis haut awer net bekannt, datt China seng Waffe beim europäesche Militärkomplex sollt bestallt hunn. „Waffenembargo“ huet sech awer gutt „verkafe“ gelooss, kléngt no „mir wëlle Fridden“. Och an dësem neierleche Prozess vun der Gesiichtsworung geet et primär dorëms d‘Gefill vun „mir hu gehandelt“ ze vermëttelen.

Et ass net dovunner auszegoen, datt op där Lëscht déi d‘EU dann a Kierzt wëll verëffentlechen, vill „Clienten“ vu Banken oder Entreprise mat Filialen an der EU betraff sinn. Och déi politesch Linn vun der chinesescher Zentralregierung ënnert der Leedung vum Xi Jinping, dierften déi 27 EU-Ausseminister mat hire Sanktioune kaum beaflossen. Den Handel muss jo aus Grënn weiderlafen.

Sanktioune géint ChinaDen Ausseminister Jean Asselborn mam zyprioteschen Homolog Nikos Christodoulides. © European Union

Peking war sengersäits iwwert d‘Absichte vun den EU-Ausseminister informéiert an hat sech seng Äntwert bereet geluecht. D‘Meldung vun den EU-Sanktioune war nach net bei den Agenturen an direkt zougeschalt Medie ukomm, huet Peking sengersäits déi virbereete Géigemoossnamen un d‘Medie weidergeleet. Zéng Europäesch Politiker a véier Institutioune sinn dovunner betraff.

Déi genannte Persounen an hire Familljenugehéiereg dierfen elo weder an Zentralchina, nach a Macao oder Hong Kong areesen. Et ass dëse Persoune, wéi och den Entreprisen an Institutiounen déi hinnen nosti strengstens verbuede Geschäfter a China ze maachen. Ëm wien et sech handelt, soll, änlech der EU-Kommissioun, a kierzt iwwer den offizielle Kanal nach matgedeelt ginn.

mat indymedia/bru

Foto: Den EU-Kommissär fir Baussenzeg Ugeleeënheeten, de Spuenier Josep Borrell Fontelles, ass ee liicht ëmstriddene Politaktivist, mee huet d‘Fiedem an der Hand. © European Union

Related topics China, EU-Ausseminister, Jean Asselborn, Josep Borrell, Sanktiounen, Uiguren, Xinjiang
Next post Previous post