Search

You may also like

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!
International Neiegkeeten

Keen erhuelsame Schlof, keen angenehmt Liewen!

Um haitegen Dag organiséiert den CHEM ee Sensibiliséierungs- an Informatiounsstand

Lëtzebuerger Arméi: Vereedegung vun engem Ënneroffizéier
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Arméi: Vereedegung vun engem Ënneroffizéier

Gëschter hat de Generol Alain Duschène, Chef vum Generalstab vun

Dat mat der politescher Rentrée haten si sech anescht virgestallt
International Neiegkeeten

Dat mat der politescher Rentrée haten si sech anescht virgestallt

Et war ee kuerzen net wierklech „interessanten“ dofir éischter bedréckende

Wäissrussland: Sanktiounen als Kollateralschued (Analys)

Wäissrussland: Sanktiounen als Kollateralschued (Analys)

Nodeems de leschte Weekend de wäissrussesche Regime, mat enger eppes ze vill offensichtlech no „Geheimdéngschtoperatioun“ richender Fligerëmleedung, sech den oppositionelle Journalist Roman Protassewitsch gegraff huet, ass (bal) déi ganz Weltgemeinschaft veriergert. Dës verlaangt dann och vum wäissrussesche President d‘Fräiloossung vum jonke Mann a senger Liewensgefäertin.

Déi Europäesch Unioun, wou dat mam Zesummenhalt an der Solidaritéit oft vill vun enger Lotterie huet, konnt sech awer um souwisou geplangtem aussergewéinleche Sommet, fir direkt Sanktioune géint Wäissrussland, den Alexander Lukaschenko a verschidde vu senge Gesellen an Handlaanger ausschwätzen. Fliger aus Wäissrussland dierfen net méi an d‘EU an d‘Lëscht vun den Entreprisen a Persounen, déi net méi areesen dierfen oder däre Besëtz „agefruer“ gëtt, gouf elo och erweidert.

Lukaschenko

Medial gëtt dat op Wonsch vun den entspriechende Lobbygruppen a wuel och eppes politeschen Drock, elo awer éischter propagandistesch ausgeschluecht, wéi datt ee sech erwaarde sollt, datt déi Politiker wou sech derzou entschloss hunn, iwwerhaapt eng Anung hätte wien de Journalist ass, dee riskéiert mindestens 15 Joer am Prisong ze verfaulen, wann et net esouguer zur Doudesstrof kënnt.

Datt zudeem Sanktiounen, dat gouf schonn esou oft ervirgehuewen, net wierklech eppes daachen, an esou och éischter beweisen, datt d‘EU „mannerbemëttelt“ op der grousser politescher Bühn séier versicht ze reagéieren, kee flotte Constat. Gutt et kann hinnen net virgeworf ginn, guer näischt fir de jonke Roman Protassewitsch ënnerholl ze hunn. An dann ass do jo och den Alexander Lukaschenko, deen sech nach guer net zur europäescher Reaktioun a Sanktiounspolitik à la USA geäussert huet.

D‘Marschrichtung ass bekannt, en „zréck“ kann et net ginn

An dësem Kontext muss dann elo emol en anere Punkt gemaach ginn, an d‘Lag aus der Siicht vum Diktator beliicht ginn. De Lukaschenko ee sowjetescht Produkt mat Feeler, weess selwer, datt hie mëttlerweil méi Frënn am Ausland wéi bei sech doheem huet. Esoulaang awer Arméi a Justiz hien droen, huet hien d‘Muecht an déi gëllt et ënner Asaz vun alle Mëttel och ze erhalen, aus Grënn…

Lukaschenko

Esou huet och Moskau ee ganz eeschte Problem domadder, datt Wäissrussland am Kontext vun der europäescher Osterweiderung, änlech wéi d‘Ukrain dem russeschen Aflossberäich kéint entzu ginn. Ass dat richteg verstanen, gëtt engem ersiichtlech, datt den Alexander Lukaschenko d‘Sanktioune beschtefalls als Kollateralschued dierft bewäerten. Dem Vladimir Putin dierft d‘Koméidistéck vum Weekend net sonnerlech gefall hunn, hien ass jo bekanntlech ee Frënd vun der Fachkenntnes.

Well jo och, an dat wënschen sech esou net nëmmen d‘Amerikaner, den ament tëscht den Europäer an de Russen och net déi grousst Léift virherrscht, sollt engem verständlech sinn, dat dem Kreml ee „launeschen“ Diktator, dee wuel och emol eppes „verréckt Tricken“ uwennt, ëmmer léiwer ass, wéi ee proeuropäesche Regimm, deem just dru geleeën ass der Europäescher Unioun bäizetrieden.

Datt Minsk sech mëttels „Videobeweis“ drop berifft, datt de beschëllegten Aktivist an seng Frëndin zu Recht verhaft goufen, gehéiert zu de Standardprozeduren. D‘Auteure wëssen, datt esou eng Opzeechnung liicht als „gekënschtelt“ ze erkennen ass, mee et gëllt als offiziell, datt sech de Roman Protassewitsch zu den him gemaachte Virwërf bekannt huet. Op dat ënner Folter erzwonge gouf? Dovunner sollt een ausgoen, schliisslech (Dossier Manning) mécht de Westen et net anescht.

Illustratioun (Archivbild): Wann s de den Nol déif aklappe wëlls, bass de gutt beroden dësen och mëtteg op de Kapp ze treffen.

Related topics Alexander Lukaschenko, EU, Minsk, Roman Protassewitsch, Ryanair, Sanktiounen, Wäissrussland
Next post Previous post