Search

You may also like

5 Saache, déi s de maache kanns, elo datt de Gemengewahlkampf eriwwer ass
Neiegkeeten

5 Saache, déi s de maache kanns, elo datt de Gemengewahlkampf eriwwer ass

Haut gi mer all Wielen. An domatter ass de Wahlkampf

D‘Ekipp U33 aus dem CHL huet gutt Nouvellen
Neiegkeeten

D‘Ekipp U33 aus dem CHL huet gutt Nouvellen

Lëtzebuerg huet esouwäit een dat bis ewell feststelle kann, déi

Florida: Schoulmeeschter dierfe bewaffent Unterrecht halen
Neiegkeeten

Florida: Schoulmeeschter dierfe bewaffent Unterrecht halen

Nom Amoklaf zu Parkland, wou Mëtt Februar 2018 e 19

Temperaturen iwwert 30 Grad: Santé rifft Alerte Orange aus

Temperaturen iwwert 30 Grad: Santé rifft Alerte Orange aus

D’Wiederprevisioune vu MeteoLux soe viraus, datt et an den nächsten Deeg mat Temperaturen iwwert 30°C zur Hëtztwell kënnt. Aus dësem Grond huet d’Direktioun vun der Santé beschloss Alerte Orange auszeruffen.

Fir dat waarmt summerlecht Wieder bei beschter Gesondheet z’iwwerstoen recommandéiert d’Santé reegelméisseg a vill ze drénken – op mannst 1,5 Liter – och wann ee keen Duuscht huet. Vermeit d’Mëttegsonn an intensiv physesch Aktivitéiten an der Hëtzt. Sollt Dir d’Haus verloosse mussen, probéiert am Schiet ze bleiwen, ditt lëfteg Kleedung un an denkt un d’Sonnecrème!

Alerte Orange

Ma, et gëllt och op eis Matmënschen opzepassen. Wann Dir eeler oder krank Persounen an Ärem Ëmfeld hutt, déi eleng wunnen soll een all Dag no hinne kucken, dofir suergen, datt och si genuch drénken an net an déi prall Sonn ginn. Wärend dem Dag ass et gutt d’Fënsteren, wa méiglech och Klapplueden zou oder d’Rolllueden erof ze hunn, an owes ze lëften. Duschen a partiell Ofkillung suerge fir Erfrëschung.

D’Visitten Doheem, déi bei Persounen op der Lëscht vum Lëtzebuerger Roude Kräiz virgesi sinn, ginn eréischt bei enger Altere Rouge (Temperaturen iwwer 35°C, mat enger Moyenne iwwert 23°C) ëmgesat

Iwwregens: Sollt den Ozonwäert op 160 µg/m³ Loft oder driwwer goen, gëllt op den Autobunnen d’Héchstgeschwindegkeet vun 90 km/h, sou datt manner Schuedstoffer ausgestouss ginn.

Weider Informatiounen:


Weider Artikelen zu dësem Thema:

Opmaacherbild © Daniel Hansen / Unsplash

 

 

Related topics Alerte Orange, Dehydratioun, Entscheet dech richteg, Gesondheetsministère, Hëtztwell, MeteoLux, Ozonwäert, Santé, Sonnebrand, Summer, Waarm, Wuelergoen
Next post Previous post