Search

You may also like

Giel Gileten Akt X: Ass et zu Paräis roueg, klappen se sech an der Provënz
International Neiegkeeten

Giel Gileten Akt X: Ass et zu Paräis roueg, klappen se sech an der Provënz

Et war schonn deen zéngte Samschdeg hannertenaner, datt sech de

What the Fakt – Däitsche Punk-Rock mam Campino!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Däitsche Punk-Rock mam Campino!

Als Sänger a Grënnungsmember vun der däitscher Grupp Die Toten

Feldbouschéissen: De Gilles Seywert hëlt sech verdéngt de Meeschtertitel
International Neiegkeeten

Feldbouschéissen: De Gilles Seywert hëlt sech verdéngt de Meeschtertitel

Am Kader vun der nationaler Meeschterschaft am Feldbouschéissen, huet de

Schwéier Onwieder op Sardinien

Schwéier Onwieder op Sardinien

Op der italienescher Mëttelmierinsel Sardinien huet en Onwieder grousse Schued verursaacht an Affer gefuerdert. De massiven Néierschlag huet Iwwerschwemmunge provozéiert. Ganz Dierfer sinn iwwerschwemmt ginn, eng Bréck konnt de Waassermassen net standhalen. Mindestens zwou Persounen si verstuerwen.

Laut engem éischte virsiichtege Bilan dee vun de Pompjeeën elo virgeluecht ginn ass, ass am Duerf Bitti eng Bréck vun de Waassermassen ewechgerappt ginn. Wärend dem Onwieder huet et iwwer 150 Asätz ginn. Heibäi hunn d‘Rettungsdéngschter eng eeler Persoun vun 90 Joer nach just lieflos an engem Schlammbedeckten Haus opfonnt. Dosende Mënsche géifen zur Stonn nach vermësst.

Den Zivilschutz huet d‘Awunner opgeruff an hiren Haiser ze bleiwen, well sech de Waasserstand séier verännere kann. Dat heftegt Onwieder huet awer net nëmme Sardinien vu Leed bruecht. Och Sizilien an d‘Regioun Kalabrien n der „Stiwwelspëtzt“ esou wéi och Basilikata, hunn d‘Folge vun dësem Wiederphenomen zolidd ze spiere kritt. Mënsche wieren hei keng a Matleedschaft geroden.

Entspriechend den Angabe vum nationale Wiederdéngscht, war d‘Wiederfront vum marokkanesche Süden iwwert déi iberesch Hallefinsel eropgezunn. Et heescht weider, datt mat weideren Onwieder ze rechnen ass, dat nach bis op mannst ee Méindeg Virmëtteg. Och hei sinn d‘Leit nees opgeruff sech méiglechst hannerwands opzehalen an sech um Lafenden iwwert d‘Entwécklung ze halen.

Schonn de leschte Weekend hat et op den Insele Sardinien a Sizilien, wéi och de Regioune vun der italienescher Stiwwelspëtzt ginn. Ganz Dierfer a nach méi Stroosse ware vun de Flute verschléckt ginn. Ganz krass war et zu Crotone (Kalabrien), wou Mënschen hu misse mat amphibesche Gefierer aus hiren Haiser evakuéiert ginn. Iwwert 200 Asätz haten d‘Rettungsdéngschter ze bewältegen.

mat indymedia/pmo

Foto: Laut dem nationale Wiederdéngscht sinn iwwer 400 Millimeter Néierschlag bannent 36 Stonnen op der Insel Sardinien gemooss ginn. © Francesco Ungaro / unsplash

Related topics Italien, Iwwerschwemmung, Kalabrien, Onwieder, Sardinien, Sizilien, Wiederphenomen
Next post Previous post