Search

You may also like

Cargolux zelebréiert honnertsten C-Check
Business International Neiegkeeten Sport

Cargolux zelebréiert honnertsten C-Check

Mam honnertsten C-Check am Lëtzebuerger Maintenance Zenter, huet d‘Cargolux e

money
Regierung erhéicht de Mindestloun, d‘UEL protestéiert
Business International Neiegkeeten Sport

Regierung erhéicht de Mindestloun, d‘UEL protestéiert

E Freideg no der Sëtzung vum Regierungsrot, hat de Premierminister

Chantier Luxtram: Den Arrêt “Gare Centrale quai 102/103” réckelt
Business International Neiegkeeten Sport

Chantier Luxtram: Den Arrêt “Gare Centrale quai 102/103” réckelt

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch de Chantier vum Luxtram

D‘Iwwernam vun Newcastle duerch ee saudesche Fong suergt fir Kontroversen

D‘Iwwernam vun Newcastle duerch ee saudesche Fong suergt fir Kontroversen

Zanter der Ukënnegung datt den englesche Fussballsclub Newcastle United duerch de saudi-arabesche Staatsfong iwwerholl gëtt, hunn sech den Donneschden, de 7. Oktober d‘Reaktioune vervillfacht.

An dat net nëmmen an der Fussballwelt. Den Noen Osten an de Fussball – dat ass eng Libesgeschicht, déi weidergeet. No Abu Dhabi a Manchester City, Katar mat PSG, ass elo Saudi-Arabien un der Rei, mat sengem Staatsverméigen d‘Kontroll iwwert den englesche Premier League-Club Newcastle United ze iwwerhuelen. Als 19. an der Meeschterschaft wäerten d‘Magpies elo an eng aner Dimensioun virstoussen.

De Betrag vun der Transaktioun gëtt op 352 Milliounen Euro geschat, eng Klengegkeet fir de saudesche Staatsfong, dee bis 2025 een Verméige vun 1.000 Milliarden Euro ustrieft. An déi nei Eegentemer vum Club sinn elo schonn éiergäizeg. Déi italienesch Medie La Gazzetta dello Sport soen, datt si den transalpinen Trainer Antonio Conte (52 Joer), deen Inter Mailand verlooss huet, op hier Säit wëlle lackelen.

Eng Schan fir den englesche Fussball

Dës Iwwernam mécht d‘Mënschen net glécklech. Fir d‘éischt war et déi Verloobte vum ermuerde saudesche Journalist Jamal Khashoggi, déi hier Roserei erausgelooss huet. „Et ass eng Schan fir den englesche Fussball. Ech sinn immens traureg. Ech huelen un, datt Geld an dësem Liewe méi wichteg, wéi alles anescht ass“, sot d‘Hatice Cengiz.

D‘Ermuerdung vum Khashoggi an der saudescher Botschaft an der Tierkei, gouf – esou seet den tierkesch- an amerikanesche Geheimdéngscht et – tatsächlech vum Krounprënz Mohammed ben Salmane an Optrag ginn. Dëse geréiert de berüümte Fong vum wahhabitesche Kinnekräich.

Och Amnesty International huet d‘Iwwernam veruerteelt: „Ënnert dem Mohammed ben Salmane bleift Mënscherechtslag a Saudi-Arabien katastrophal. Regierungskritiker, Fraerechtlerinnen, schiitesch Aktivisten a Mënscherechtsverdeedeger ginn ëmmer nach schikanéiert an inhaftéiert. Dëst passéiert dacks no onfaire Geriichtsverfaren.“

Mee leider schéngt d‘Kontrovers ëm seng nei Besëtzer weder d‘Medien, nach d‘Fans vun Newcastle United ze stéieren…

Illustratioun: © Jason Charters / unsplash

Related topics Fussball, Geld, Groussbritannien, Newcastle United, Rechtsstaatlechkeet, Saudiarabien, Sport
Next post Previous post