Search

You may also like

surprise
Fir de Referendum a Katalounien
International Neiegkeeten

Fir de Referendum a Katalounien

Nom Enn vun der Franco-Diktatur, war ech der Meenung, datt

Expo BLUE: Esou villfälteg ka Blo sinn
International Neiegkeeten

Expo BLUE: Esou villfälteg ka Blo sinn

Gëschter huet d’Erëffnung vum Sandra Biewers senger Expo „BLUE“ an

Verséisst dir déi final Staffel vun Unbreakable Kimmy Schmidt dëse Weekend?
International Neiegkeeten

Verséisst dir déi final Staffel vun Unbreakable Kimmy Schmidt dëse Weekend?

Unbreakable Kimmy Schmidt war eng vun den éischten Netflix-Sitcoms, déi

Saudesche Krounprënz huet Mord um Khashoggi ugeuerdent

Saudesche Krounprënz huet Mord um Khashoggi ugeuerdent

Laut den amerikanesche Geheimdéngschter soll de Mohammed ben Salmane d‘Operatioun zur Ermordung vum saudeschen Dissident an Optrag ginn hunn. Zumindest geet dat esou aus engem Rapport vum Büro vun der neier Geheimdéngschtcoordinatrice Avril Haines ervir.

Ob et der neier US-Regierung just ëm „Opmierksamkeet“ geet, oder et schonn d‘Ëmsetzung vun der Biden-Politik ass? Wuel e Mix vu béidem, well wat d‘Verantwortung am Mord vum „Jamal Khashoggi“ ugeet, esou hat d‘UN-Sonnerberichterstatterin Agnès Callamard am Juni 2019 keng Zweiwel opkomme gelooss. An hirem Bericht ass de Krounprënz däitlech als Täter genannt ginn.

Réckbléck: De Jamal Khashoggi, dat gëllt als erwisen, ass den 2. Oktober 2018 vun engem Killer-Kommando an der saudescher Ambassade zu Istanbul, op Uweisung vum saudesche Krounprënz ermuerkst ginn. De saudeschen Dissident war Chronist fir d‘Washington Post, a war zu Liefzäiten ee fervente Kritiker vum saudesche Kinnekshaus. Dat konnt anscheinend esou net virugoen…

Am deklassifizéierte Bericht heescht et, datt d‘US-Geheimdéngschter hir Erkenntnisser dorobber stëtzen, datt de saudesche Krounprënz Mohammed ben Salmane zanter 2017 déi absolutt Kontroll iwwert d‘Sécherheets- a Geheimdéngschtorganisatioune vum Kinnekräich huet. Et gëtt also däitlech ausgeschloss, datt dësen „Optrag“ ouni d‘Geneemegung vum „Patron“ ausgefouert konnt ginn.

Konsequenzen…

No der Verëffentlechung vum Bericht, huet den US-Ausseministère Areesbeschränkunge géint 76 saudesch Bierger verhaangen. Vun dëse geet ugeholl, datt si u Bedreeunge vu saudeschen Dissidenten am Ausland bedeelegt sinn oder waren. Dat ass zumindest d‘Positioun vum neien US-Ausseminister Anthony Blinken. Leider kann hir hie keng ofschléissend Beweiser dozou virleeën.

De Geheimdéngschtbericht u sech bestätegt allerdéngs wat scho säitens de Vereenten Natioun als „Erkenntnis“ virgeluecht gouf. Datt awer laang näischt geschitt ass, huet och mam Virgänger vum haitegen US-President ze dinn. Deen hat am saudesche Kinnekräich ee kreditwierdege „Partner“ fonnt, a konnt mat sengem legendäre Charisma dem US-Militärkomplex e mega Deal besuergen.

Fir dat saudescht Kinnekräich ee wichtegen Deal. Hiert Engagement als Koalitiounsleader am Jemen-Konflikt, wou et och erwisenermoossen zu gréissere Krichsverbrieche komm ass, huet, änlech dem Dossier „Khashoggi“ fir eppes international Kritik gesuergt, an ëmmer war och rieds vun der Roll déi d‘Amerikaner, duerch hir Allianz mat Saudiarabien, eng Matschold hätten.

Nei Ausriichtung

Fir de Joe Biden, dee jo schonn am Walkampf erkläert hat, datt een d‘Bezéiung mat Saudiarabien nach emol misst op de Leescht huelen, an och a senger éischter aussepolitescher Grondsazried vu „Verännerunge“ geschat hat, wier et elo un der Zäit „Neel mat Käpp“ ze maachen. D‘Jen Psaki, Spriecherin vum Wäissen Haus, hat dozou um Donneschdeg schonn ee Statement ofgeliwwert.

„On Regierung konzentréiert sech drop, d‘Bezéiungen nei ze kalibréieren“, esou déi kuerz a knapp Ausso, virun der Verëffentlechung vum Rapport vun der Geheimdéngschtcoordinatrice. An et sinn net nëmmen d‘Amerikaner, déi de Monarchen aus der Wüst de Mord um Khashoggi iwwel huelen. D‘Tierken, bei deenen sech dës onglécklech duerchgefouert Missioun zougedroen huet, si sauer…

An der Tierkei ass dann aktuell och ee Prozess unhänglech, dee sech mat der Ermordung um Jamal Khashoggi beschäftegt. Deen huet wuel nëmme Symbolcharakter, an awer… Bleift nach drun ze erënneren, datt och a Saudiarabien „Recht geschwat gëtt“. Hei goufen am Hierscht d‘lescht Joer fënnef „Täter“ vum Geriicht zu 20 Joer Haft verurteelt. D‘Famill vum Affer, hat hinne verginn…

Wat se zu Riad soen

A Saudiarabien huet d‘Nouvelle vun der Verëffentlechung vum Bericht, mat deem dem Mohammed ben Salmane d‘Schold fir de Mord um Dissident zougewise gëtt, fir Grimasse gesuergt. Aus dem suadesche Kinnekshaus kennt dann och d‘Meldung, datt de Bericht „falsch an inakzeptabel“ ass. Dëse géif feelerhaft Informatiounen a Schlussfolgerungen enthalen. Esou zumindest déi séier Äntwert vum saudeschen Ausseministère um Freideg.

Hei gëtt nach emol betount, datt dëst „schrecklecht Verbriechen“ en eklatante Verstouss géint saudescht Recht duerstellt. Et gëtt nach emol mat Nodrock drop higewisen, datt d‘Täter vun dëser Dot veruerteelt goufen. Et wier bedauerlech, datt Washington dëse bericht verëffentlecht hätt an d‘USA ginn nach emol drop higewisen, datt een all Mesuren zeréckweist, déi d‘Souveränitéit vum Kinnekräich an d‘Onofhängegkeet vun der Justiz géifen a Fro stellen.

mat indymedia/was

Foto: Wärend d‘UNO an elo och d‘USA, de saudesche Krounprënz als de Verantwortleche fir de Mord um Jamal Khashoggi oppe beschëllegen, wëll de FIFA-President Gianni Infantino net op säi frëndschaftlecht Verhältnis zum Mohammed ben Salmane verzichten. D‘FIFA, déi niewebäi och den Dout an d‘Ausbeutung vun de Bauaarbechter am Katar mat ze veräntwerten huet, mécht jo och keng Politik. Bei der FIFA geet et an éischter Linn ëm de Goss, net ëm Ethik… De 6. Januar hunn sech de Gianni Infantin an de Mohammed ben Salmane, iwwert déi grouss Opportunitéite vum Fussball ënnerhalen. Dëse kéint Fridden a Stabilitéit an der Regioun bréngen. © FIFA

Related topics Avril Haines, Jamal Khashoggi, Mohammed ben Salmane, Sanktiounen, US-Geheimdéngschter
Next post Previous post