Search

You may also like

Weltwaasserdag: Fir d’Iwwerliewe vu Mënsch an Natur
International Neiegkeeten

Weltwaasserdag: Fir d’Iwwerliewe vu Mënsch an Natur

Zënter 1993 fënnt de Weltwaasserdag statt, a gëtt säit 2003

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!
International Neiegkeeten

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!

D’Gesetzesännerung zum Taxiwiesen huet net nëmme positiv Aspekter mat sech

Migratiounspak: Op der Sich no gescheite Käpp an talentéierten Hänn
International Neiegkeeten

Migratiounspak: Op der Sich no gescheite Käpp an talentéierten Hänn

Méintelaang ass sech gestridde ginn a „verbal Handgräiflechkeeten“ hunn den

Saudesche Krounprënz verhënnert Putschversuch

Saudesche Krounprënz verhënnert Putschversuch

Laut dem „Wall Street Journal“ an der „New York Times“ wieren dräi héichrangeg Vetrieder vum Kinnekshaus verhaft ginn, well si Pläng fir ee Putsch ausgeschafft hätten. D‘Kinnekshaus zu Riad huet d‘Berichter vun den Zeitungen net kommentéiert.

Ënnert de Beschëllegten: de Brudder vum Kinnek Salmane ben Abd al-Aziz al-Saud, de Prënz Ahmed ben Abd al-Aziz al-Saud an de Prënz Mohammed ben Najef ben Abdulazis al-Saud. Alle béid waren an der Vergaangenheet Inneminister vu Saudiarabien a sinn als méiglech Nofollger vum Kinnek gehandelt ginn. Als Drëtten am Bond: de Prënz Nawaf ben Najef.

Laut den amerikanesche Kollegen, soll de Krounprënz Mohammed ben Salmane hannert de Beschëllegunge stoen. Dat saudescht Kinnekshaus huet zur Stonn dës Informatiounen net kommentéiert. De Seriö vu de genannten Zeitungen ass awer indiskutabel an sougenannt Palais-Intrige sinn am Kontext vum Kampf ëm d‘Muechtverhältnisser üblech.

Krounprënz

De Krounprënz Mohammed ben Salmane huet ee gudden Drot zum US-President, d‘Land ass ee vun de beschte Cliente vum amerikanesche Militärkomplex an den Iran gëllt als Äerzfeind. Hie stellt sech als Reformer op, dee Frae méi Rechter gënnt an och soss „Fräiheeten“ aféiert. Do kann ee verstoen, datt ee sech entspriechend Handlungsspillraum schafe muss. © Ehad

Schonn an der Vergaangenheet huet de Mohammed ben Salmane „mat der Famill opgeraumt“, emol fir d‘Reformen, emol géint d‘Korruptioun. Am Hiecht 2017 hat de Krounprënz iwwer 200 féierend Perséinlechkeeten am „Ritz Carlton“ festsetze gelooss. Deene meeschten ënnert hinnen, dorënner 11 Prënzen an eng Rei Minister, ass dann och Korruptioun Virgeworf ginn.

Och sengerzäit ass spekuléiert ginn, datt sech de Krounprënz de Korruptiounsvirwërf bedéngt huet, fir „Géigner“ aus dem Wee ze raumen oder zumindest politesch staark ze schwächen. Bezitt een nach d‘Méiglechkeet an, datt déi dräi Prënzen als Trounfollger „Potential“ hunn, a well vum Kinnekshaus keen Dementi kënnt, wäerten déi dräi wuel och verhaft gi sinn.

mat indymedia/tlv/nyc

Illustratioun: © Rakan Alreqabi / unsplash

Related topics Krounprënz, Mohammed ben Salmane, Putschversuch, Saudiarabien
Next post Previous post