Blockade vun der ALAN KURDI – Sea-Eye verklot Italien
Zënter dräi Méint hält déi italienesch Küstewuecht d’Rettungsschëff ALAN KURDI
Zënter dräi Méint hält déi italienesch Küstewuecht d’Rettungsschëff ALAN KURDI
Gëschter ass an der Ukrain d’Entscheedung getraff ginn, fir op
De Procureur vu Saudiarabien huet fir 5 Mënscherechtsaktivisten d‘Doudesstrof gefuerdert. Ënnert den Aktivisten ass eng bekannte Militantin, déi zur éischter Fra kéint ginn, déi zum Dout veruerteelt an higeriicht gëtt, well si sech fir d‘Grondrechter agesat huet, esou Amnesty International.
Ënnert de Persounen déi beschëllegt ginn zur „Kontestatioun“ innerhalb der schiitescher Minoritéit, an enger „strategescher Regioun am Oste vum Land déi räich u Pëtrol ass“ opgeruff ze hunn, ass déi 29 järeg Israa al-Ghomgham.
„D‘Israa al-Ghomgham a véier weider Persoune mussen haut de schlëmmster Strof entgéint kucken déi géint e Mënsch verhaange ka ginn. Dat ganzt wéinst hirem Engagement bei Manifestatiounen déi sech géint d‘Regierung geriicht hunn“, erkläert d‘Samah Hadid, Campagne-Directrice fir den Noen-Oste bei Amnesty International. „Mir fuerdere vun de saudiarabeschen Autoritéiten, dëse Plang direkt falen ze loossen“.
An der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg, war et net méiglech déi saudesch Autoritéiten ze kontaktéieren, fir dës Informatioune kommentéiert ze kréien.
D‘Israa al-Ghomgham hat sech ab 2011 e Numm gemaach, wéi si d‘Manifestatiounen an der ëstlecher Provënz dokumentéiert huet. Hei konzentréiert de Gros vun der schiitescher Minoritéit, déi sech reegelméisseg beklot, verfollegt a marginaliséiert ze ginn, an engem Kinnekräich dat vun enger sunnitescher Dynastie gefouert gëtt.
Laut de Mënscherechtsorganisatioun Human Rights Watch, wier d‘Israa al-Ghomgham mat hirem Mann am Dezember 2015 verhaft ginn.
„D‘Israa al-Ghomgham zum Dout ze veruerteelen, géif e gräissleche Message an d‘Welt schécken. Deen, datt all Militant op déi gläich Aart a Weis kann zur Zilscheif ginn, just well dëse friddlech manifestéiert huet, oder sech aktiv fir d‘Mënscherechter asetzt“, ënnersträicht d‘Samah Hadid.
Rezent haten déi saudesch Autoritéite Militantinne fir d‘Rechter vun de Fraen, dorënner d‘Samar Badawi, festgeholl. Dobäi hat Saudiarabien d‘lescht Joer, wéi entscheet ginn ass de Verbuet fir Frae mat engem Auto ze fueren opzehiewen, den „Androck“ hannerlooss, datt och si am 21. Joerhonnert ukomm sinn.
Déi kanadesch Ambassade huet sech „schwéier besuergt“ gesot, wat dës Verhaftunge betrëfft. Déi hunn dann och zu enger hefteger diplomatescher Kris tëscht den zwee Länner déi eng Allianz mat den USA agaange sinn, gefouert.
mat AFP