Search

You may also like

Wat geheim ass muss geheim bleiwen
Neiegkeeten

Wat geheim ass muss geheim bleiwen

Et hat wéinst de Policefichieren an aner dubiéis Datebanken –

dislike
Polisario: Wann deen ee kontrolléiert wat deen anere gären hätt
Neiegkeeten

Polisario: Wann deen ee kontrolléiert wat deen anere gären hätt

Déi westlech Sahara, fréier spuenesch Kolonie, gëtt zum groussen Deel

Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Neiegkeeten

Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach

Wiem et nach net sollt opgefall sinn, dee kënnt elo

De Knaschtpitti vun der Sauer – Fall opgekläert!

De Knaschtpitti vun der Sauer – Fall opgekläert!

Nodeems d’Sauer ëmmer erëm verknascht ginn ass, konnt een zwar erausfannen, vu wéi enger Plaz d’Polutioun kënnt, awer net ëm wéi eng Substanz et sech genee handelt a wéi et zur Veronrengegung kennt. Schonn zënter Oktober 2019 ass d’Waasserverwaltung AGE um Fall drun.

Den Ursprong vun der Sauer-Verknaschtung soll um Niveau vun der Iechternacher Industriezon leien. Nodeems et e Méindeg awer schonn nees zu engem Virfall komm ass, huet een d’Kanalisatioun vum Reewaasser an der Industriezon méi genee ënnert d’Lupp geholl. Bei dëser Infrastruktur ass eigentlech keen Traitement néideg, wëll et vum Ofwaasser getrennt ass.

Nodeems ee sech mam CGDIS an der Police Hëllef dozou gezunn an nach emol all d’Informatiounen ënnersicht huet, konnt déi responsabel Socitetéit d’AGE gëschter doriwwer opklären, datt d’Verknaschtung duerch eng Fuite am Offallcontainer zustane kënnt, an deem d’Reschter vun der Produktioun vun Fiichtegkeetscrème dra sinn.

Elo muss een ausféierleche Rapport zum Virfall erstallt an schnell effikass Ännerungsmoossnamen duerchgefouert ginn, fir eng erneit Pollutioun ze vermeiden.

Opmaacherbild © Sergio Souza / Unsplash

Related topics AGE, CGDIS, Floss, Ofwaasser, Police, Polutioun, Reewaasser, Sauer, Verknaschtung, Veronrengegung, Waasserverwaltung
Next post Previous post