Search

You may also like

Naturwëssenschaften op véier Rieder: De PInS-Sciencemobil ass do!
Kultur Stories

Naturwëssenschaften op véier Rieder: De PInS-Sciencemobil ass do!

PInS – dat steet fir “Projets Interactifs Scientifiques” – ass

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert
Kultur Stories

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert

De Kapitän vun engem Handelsschëff, dee 40 Migranten aus dem

money
Handelskrich: Den Trump stellt seng Fuerderungen un d’EU
Kultur Stories

Handelskrich: Den Trump stellt seng Fuerderungen un d’EU

Um Samschdeg huet den Donald Trump vun der EU verlaangt,

Schaarfen Theater

Schaarfen Theater

De Summer ass säit dem 1. September meteorologesch gesinn eriwwer. Simultan zum Hierscht-Ufank gëtt och déi néi Theatersaison agelaut. Wéi all Joer organiséiert d’Theaterfederatioun hiert Theater Fest “Schaarf op Theater.”

D’Theaterfederatioun ass de Verband vun de professionellen Theater, Gruppen an deenen eenzelen Kulturhaiser zu Lëtzebuerg. Duerch déi enk Zesummenaarbecht vun den Kulturhaiser kënnt et zu engem reege Dialog an sou entstinn dann Kollaboratiounen. Eng vun den Haaptaufgaben vun der Theaterfederatioun ass et den groussen Public fir Theater an Danz Spektakelen ze sensibiliséieren. Duerch dësen konstruktiven Dialoge tëscht de kulturellen Institutiounen an hirer Zilsetzung, dem breede Public den Theater méi no ze bréngen, ass d’Iddi fir d’ Theater Fest entstanenen.

Courtesy: Theaterfederatioun

Een neit Gesicht fir d’Theater Fest

Am Verglach zu deene Joer virdru gëtt e puer Neierungen. “Made in Luxembourg”, sou ass de Slogan, deen sech Theaterfederatioun fir d’Oplag 2017 ausgeduecht huet. Den Accent läit ganz kloer op vu Lëtzebuerger produzéierte Spektakelen, déi an deenen nächste Méint an déi eenzel Theateren uechtert Land opgefouert ginn. Et gëtt net nëmmen eng Neierung bei der Accentsetzung, mee och d’ Uerter un deenen sech d’ Artisten hiert Onwiesen dreiwe sinn net méi déi selwecht. Virun engem Joer hat een nëmmen d’Plaz em d’Abtei Neimünster zur Verfügung.

D’ Theater Fest verléisst des Plaz fir sech duerch de ganze Staat Zentrum auszebreeden. Dat gëtt deenen onofhängege Kënschtler d’Chance hire eegener Kreativitéit freie Laf ze loossen an een eegene Stand opzebauen. duerch déi nei Fräiheete kann een och d’ Place Clairefontaine an ee Fräiliichttheater verwandelen.

© Olivier Bouton

D’Nuetsliewen an d’Geschäftsleit sollen och dovunner profitéieren

D’ Theater Fest fält dëst Joer op ee Samschden an net méi op ee Sonnden. D’Horairë gi verlängert (14.00-22.00 Auer) fir se un d’ Nuetsliewen an der Staat unzepassen. D’Geschäftsleit solle mat an d’Evenement agebonne ginn an eng aktiv Roll bei der Organisatioun spillen.

Et gëtt fir all Goût an all Altersklass eppes ugebueden. Vun Diskussiounen iwwert Lëtzebuerger (Fee-)Märercher bis zum interaktiven Danz Workshop gëtt alles ugebueden. Am ganze ginn et 34 Spektakelen an Animatiounen ugebueden. 13 vun deene Performancë riichten sech un ee méi jonke Public. Den Ofschloss vun dem ganzen ass eng After-Party an der Rue du Saint Esprit.

Theater Fest: en Uert wou sech alles em den Theater dréint.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Lëtzebuerg Stad, Place Clairefontaine, Theater, Theaterfederatioun, Theaterfest
Next post Previous post