Search

You may also like

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!
Business International Neiegkeeten

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!

Um Samschdeg, den 11. Mee 2019 sidd Dir häerzlech op

De Mäerz bei Netflix bréngt Neies a Bekanntes
Business International Neiegkeeten

De Mäerz bei Netflix bréngt Neies a Bekanntes

Nodeems de Januar an de Februar scho relativ gutt Méint

10 Joer Krich a Syrien: Bei d’Gewalt an d’Verdreiwung reit sech eng Hongersnout
Business International Neiegkeeten

10 Joer Krich a Syrien: Bei d’Gewalt an d’Verdreiwung reit sech eng Hongersnout

E Land läit an Trëmmer. 10 Joer nom Ausbroch vum

Schampes a Schampes ass zweeërlee

A Russland dierf sech nëmmen nach Schampes nennen, wat och a Russland gewuess a verschafft ginn ass… alles anescht ass spruddelegen Drauwejus

Schampes a Schampes ass zweeërlee

Am Kontext vun de Sanktiounen, Handelsstreidegkeeten an enger komplizéierter diplomatescher Situatioun, hunn sech déi russesch Autoritéite fir en éischter kreativen Dissens entscheet. Esou ka Schampes (op franséisch: Champagne, no der Regioun esou benannt) a Russland nëmmen nach esou bezeechent ginn, wann et sech dobäi ëm russeschen Drauwejus handelt.

De franséische Luxusmarke-Konzern LVMH (Moët Hennessy, Moët Chandon, Veuve Clicquot an Dom Pérignon) huet dorops hin ugekënnegt, seng Liwwerunge mat Destinatioun Russland ab elo direkt auszesetzen. Ob d‘Filial vu LVMH (si verkafe jo net nëmme Schampes) zu Moskau elo och kéint zougemaach ginn, dozou wollt sech weder LVMH-Paräis nach LVMH-Moskau äusseren.

AST, de maartbeherrschenden Importateur vun alkoholeschem Gedrénks a Russland huet bestätegt, datt opgrond der neier Gesetzgebung, nëmmen nach russesche Schaumwäin dierf als Schampes op de Maart kommen, wärend all aner Schaumwäiner, also och deen aus der Champagne, als ebe Schaumwäi musse bezeechent ginn. Kléngt verréckt, mee et sollt een d‘Russen net ënnerschätzen.

Fir den Direkter vun der AST, Leonid Rafailow, ass d‘Mesure säitens LVMH scho verständlech, well mam neie Gesetz, muss sech Moët Hennessy a Russland nei Enregistréieren. Hie geet awer net dovunner aus, datt LVMH op d‘Geld vun der russescher High-Society verzichte wëll a schéngt zimmlech iwwerzeegt, dat sech d‘Fransousen den neie Gegebenheete wäerten unzepasse verstoen.

Dat kéint tatsächlech de Fall sinn, well Russland-Chef vu Moët Hennessy, Sébastien Vilmot, wollt sech aus Grënn vun der Confidentialitéit (wuel bezunn op déi enk Bezéiung mat der russescher Mafia) net zum Gesetz an dem Aussetze vun de Liwwerungen äusseren. Dovunner ofgesinn, d‘Part vum Marché ass hei geréng, an et ass net befierchten, datt d‘Elite zu Moskau sech dru stéiert.

mat indymedia/mow

Foto: © Nico Jacobs / unsplash

Related topics Champagne, Drauwejus, Gesetz, LVMH, Moët, Russland, Schampes, Schaumwäin
Next post Previous post