Search

You may also like

HEN – Eng ausgeflippte queer Show am Kinneksbond zu Mamer
Neiegkeeten

HEN – Eng ausgeflippte queer Show am Kinneksbond zu Mamer

De 4. a 5. Juni 2021 invitéiert de Mamer Kinneksbond

Haut ass den internationalen Dag vun der Pressefräiheet
Neiegkeeten

Haut ass den internationalen Dag vun der Pressefräiheet

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet um 3.Mee huet mat

Bréissel verhänkt Sanktioune géint Internet-Piraten
Neiegkeeten

Bréissel verhänkt Sanktioune géint Internet-Piraten

Et ass fir d‘éischt an der Geschicht vun der EU-Kommissioun,

A13: Schantjen tëscht den Echangeure Suessem an Éilereng (03.-06.2021)

A13: Schantjen tëscht den Echangeure Suessem an Éilereng (03.-06.2021)

Vu Freides, den 3. September géint 20:00 Auer bis Méindes, de 6. September géint 6:00 Auer gëtt op der A13 tëscht dem Echangeur Suessem an dem Echangeur Éilereng de Stroossebelag erneiert. Dofir kënnt et zu Spärungen an Ëmleedungen.

Gespaart sinn:

  • D‘A13 a Richtung Schengen tëscht dem Echangeur Éilereng (ab 20:00 Auer);
  • D‘A13 a Richtung Péiteng tëscht dem Echangeur Éilereng an dem Echangeur Déifferdeng (ab 22:00 Auer);
  • D‘Zoufaart vum Echangeur Suessem, wann ee vum CR175 kënnt an a Richtung Schengen fiert;
  • D‘Zoufaartvum Echangeur Déifferdeng, wann ee vun der N32 kënnt an a Richtung Schengen ënnerwee ass;
  • D‘Zoufaart vum Echangeur Éilereng, wann ee vun der N37 kënnt an a Richtung Péiteng fiert.

D‘Ëmleedunge verlafe folgendermoossen:

  • Den Trafic, dee vun der A13 op Schengen fiert gëtt iwwert den Echangeur Suessem, den CR175, den CR110, d‘N37 an den Echangeur Éilereng mat Retour op d‘A13 ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vun der N32 iwwert d‘A13 a Richtung Schengen fiert, gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Déifferdeng, d‘N32, den CR110, d‘N37 an den Echangeur Éilereng;
  • Den Trafic, dee vun der A13 op Péiteng fiert, gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Éilereng, d‘N37, den CR110, d‘N32 an den Echangeur Déifferdeng mat Retour op d‘A13;
  • Den Trafic, dee vun der N37 iwwert d‘A13 op Péiteng wëll, gëtt iwwert den CR110, d‘N32 an den Echangeur Déifferdeng ëmgeleet.

Schantjen op der A13

Related topics Echangeur Éilereng, Echangeur Suessem, Ëmleedung, Neien Tapis, Schantjen op der A13, Spärung, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag
Next post Previous post