Search

You may also like

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!
Kultur Neiegkeeten

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!

Schonn an de leschten zwee Joren huet de Paul Galles

Elo gëtt „geboost“: Drëtt Impfdosis a verschidde Fäll recommandéiert
Kultur Neiegkeeten

Elo gëtt „geboost“: Drëtt Impfdosis a verschidde Fäll recommandéiert

De Recommandatioun vum Ieweschte Rot fir Infektiounskrankheeten (CSMI) no, gëtt

Post-Brexit-Ofkommes: Hansen fuerdert Decisioun bis Enn Oktober
Kultur Neiegkeeten

Post-Brexit-Ofkommes: Hansen fuerdert Decisioun bis Enn Oktober

Mir si bei der 8. Verhandlungsronn vum Post-Brexit-Ofkommes ukomm an

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!

Schonn an de leschten zwee Joren huet de Paul Galles duerch verschidden Aktiounen de Gebuertsdag vum Bopa Félix gefeiert an eis all drun erënnert, wéi vill eis Grousselteren eis dach bedeiten. Mam neie Projet vun der Schatzkëscht ka jiddwereen seng Léifst an enger Aart Poesiealbum veréiwegen.

All är Bäitreeg si Pärelen am Schatz. An all Mënsch ass een Tresor. An eis Grousselteren sinn ee ganz besonnesche Schatz!

Paul Galles

Erënnere mir eis un d’Postkaarten-Aktioun fir dem Bopa Félix säin 100. Gebuertsdag oder och un den Zukunftsbësch, deen 2019 ageweit ginn ass. Ma, um 21. August kommen schonn 102 Käerzen op de Kuch an do huet de Paul Galles sech natierlech nees eng afale gelooss!

Wärend dem Confinement war et leider net méiglech d’Grousselteren ze besichen. Vläicht sinn si och scho verstuerwen, bleiwen awer op éiweg an eisem Häerz. Mat der Initiative „Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren“ sidd dir all agelueden, de Poesiealbum, zesumme mat äre Grousselteren, respektiv a Gedenken u si, mat Texter, Erënnerungen u schéi Momenter a Fotoen ze fëllen.

Ech wëll matmaachen!

D’Veréiwegung am Poesiealbum verleeft an dräi Etappen:

  1. Sicht Iech eent vu 4 Muster eraus: D’Säiten am Album, déi iwwregens vum Aitana Kugeler entworf goufen, kënnen als PDF erofgeluede ginn. Si sinn – ob faarweg oder schwaarz-wäiss – am Stil vun den 20er, 30er, 40er a 50er Joer opgebaut.Schatzkëscht
  2. Fëllt d’Säit aus: Ob zesumme mat de Grousselteren wärend engem lëschtegen Nomëtteg, oder och als individuell Aktioun FIR är Léifst, kënnt dir Texter, Anekdoten a Fotoen asetzen.
  3. Schéckt déi ausgefëllte Säit(en) zeréck: Fir äert Wierk herno an der Schatzkëscht ze fannen, kënnt dir tëscht dem digitale Poesiealbum oder och der physescher Form wielen. Vergiesst dobäi net d’Dateschutzblat auszefëllen a matzeschécken. Sollte Fotoe vun äre Grousselteren dobäi sinn a si liewen nach, mussen och si den Ziedel ënnerschreiwen.
    1. Fir de virtuelle Poesiealbum: Scannt är Säit(en) an d’Dateschutzblat eran, schéckt d’Dokumenter un paulgalles@gmail.com a schonn ass äert Wierk op www.schatzkescht.lu ze fannen;
    2. Fir de gedréckten Album: Schéckt är gescannt Säit(en) per Mail u paulgalles@gmail.com an den Original un: Paul Galles; 56, rue de Vianden; 2680 Lëtzebuerg
      Wann dir den Original hale wëllt, geet de Scan duer. An dësem Fall muss just um Dateschutzblat ugekräizt ginn, datt d’Säit(en) am gedréckten Album opdauche soll.

Jiddwereen, deen de gedréckten Album wielt, kritt uschléissend een Exemplaire geschenkt. Wie motivéiert ass, ka ganz gären och säi Wierk als Bild an der Facebook-Grupp deelen. Och hei muss d’Dateschutzblat matgeschéckt ginn!

Opmaacherbild: © Paul Galles

Related topics 102. Gebuertsdag, Aitana Kugeler, Bopa Félix, Dateschutzblat, Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren, Erënnerung, Facebook-Grupp, Gedenken, Matmaachen, Participatioun, Paul Galles, Poesiealbum
Next post Previous post