Search

You may also like

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt
International Kultur Neiegkeeten

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt

Zanter 2010 ass et gewosst, mee et schéngt kaum een

UN-Hëllefsprogramm fir Syrien ëm 6 Méint verlängert
International Kultur Neiegkeeten

UN-Hëllefsprogramm fir Syrien ëm 6 Méint verlängert

Mat engem Kompromëss konnt sech am UN-Sécherheetsrot a leschter Minutt

Direkthëllef fir Entreprisen déi Léierplaze schafen
International Kultur Neiegkeeten

Direkthëllef fir Entreprisen déi Léierplaze schafen

Betriber déi jonke Leit eng Léierplaz ubidde wëllen, esou eng

Doud vum Jean-Paul Belmondo… eng Hommage

Doud vum Jean-Paul Belmondo… eng Hommage

De franséische Schauspiller Jean-Paul Belmondo ass e Méindeg, de 6. September 2021 am Alter vun 88 Joer a sengem Paräisser Haus verstuerwen.

„Hien war schonn zanter enger Zäit midd. Hien ass roueg gestuerwen,“ sot säin Affekot Michel Godest. De Mann mam Spëtznumm Bébel huet an 80 Filmer matgespillt. Ënnert deene waren e puer onvergiesslech Rollen – zum Beispill säi jonkt Debüt an „À bout de souffle“ oder wéi hien zu Venedeg un engem Helikopter am Film „L’homme de Rio“ houng.

Fir de President vun der Franséischer Republik, den Emmanuel Macron war de Jean-Paul Belmondo „een nationale Schatz, voller Laachen – mol haart, mol lues, ee subliméierten Held, eng vertraute Figur, een onermiddlechen Däiwel a Magier vu Wierder. An him fanne mir eis all erëm.“

De Film Festival zu Venedeg, deen zu dëser Zäit an nach bis e Samschdeg ofgehale gëtt, erënnert „mat grousser Zouneigung a Bewonnerung un de Schauspiller Jean-Paul Belmondo, Ikon vum franséischen an internationale Kino. Hie war en aussergewéinlechen Duersteller an hat de moderne Geescht fir déi nei Well. E war den Ufank vun enger neier Ära.“ Am Joer 2016 gouf de Schauspiller mam Gëllene Léiw fir säi Liewenswierk ausgezeechent.

Den Antonio Banderas sot op Twitter: „Haut ass en trauregen Dag fir d’Kultur. E grousse Schauspiller an eng Ikon vum franséischen an europäesche Kino ass gestuerwen „. Den italienesche Schauspiller Toni Servillo huet een Hommage un „een Acteur vun irresistibeler mënschlecher Sympathie“ gemaach.

Den Alain Delon, säi joerzéngtelaang Frënd sot, hie wär um Buedem zerstéiert. Bei dëse Wierder huet seng Stëmm geziddert. Hien huet engem franséische Fernseesender erkläert, datt hien een Deel vu sengem Liewe verluer huet. „Mir hunn viru 60 Joer zesummen ugefaangen. Ech wäert probéieren duerchzehalen, net datt mir a fënnef Stonnen dat selwecht passéiert. Mee et wär schéi gewiescht, wa mir zesumme gaange wieren.“

Foto: cc by-sa 3.0

Related topics Frankräich, Jean-Paul Belmondo, Kino, Noruff, Zinema
Next post Previous post