Winterlights: Scheckiwwerreechung fir d’Fondation Autisme Lëtzebuerg

A Presenz vum Stater Gemengen- a Schäfferot huet déi sougenannt „Chrëschtmaart Asbl“ leschte Freideg en Don vun 1.000 € un d’Fondation Autisme Lëtzebuerg iwwerreecht. Dës Fondatioun stellt Diagnosen am Beräich vun Autismus a bitt autistesche Persounen an hire Famillen Ënnerstëtzung duerch Aktivitéiten a Wunnstrukturen un.

Gesammelt gouf dëse Betrag bei de Winterlights 2019. Iwwert d’Crèche, déi speziell fir de Chrëschtmaart op der Plëss installéiert gouf, konnte Visiteuren an interesséiert Persounen en Don maachen.

Ma, an dësem Joer gouf dës Aktioun widderholl. D’Crèche befënnt sech allerdéngs um Square Jan Palach. D’Sue ginn dobäi un d’Associatioun „ZAK! – Zesummen Aktiv“. Weider Informatiounen zu hire Servicer fannt Dir op www.zak.lu.

Dernières nouvelles