Search

You may also like

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun
Kultur Neiegkeeten

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun

Leschte Freideg krut d’Lëtzebuerger Rapzeen ee staarken Album dobäi. Den

4 Weekender am Summer – Diddeleng Open Air – Ënnert dem Waassertuerm
Kultur Neiegkeeten

4 Weekender am Summer – Diddeleng Open Air – Ënnert dem Waassertuerm

Datt „Dudetown: déi schéinste Stad am Süden“ ass, wäert wuel

Lëtzebuerger Kultur a Kreatioun: PostTV wëll Artisten eng Bühn bidden
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Kultur a Kreatioun: PostTV wëll Artisten eng Bühn bidden

Fir de Lëtzebuerger Artisten a Kreateuren eng Plattform ze bidden,

Schëffleng: Ausstellung „Am Laf vun der Zäit“

Schëffleng: Ausstellung „Am Laf vun der Zäit“

Déi flott geduechten a ganz aluedend Galerie „Schëfflenger Konschthaus“ mécht muer Dënschdeg den 11. August fir déi éischte Kéier dem Public seng Dieren op. Fir dës „Première“, ginn dann och emol fir unzefänken, all déi Wierker ausgestallt, déi den Awunner vun der Kollektivitéit gehéieren.

Bei der Selektioun vun de Wierker ass wäert drop geluecht ginn, datt si d‘Awunner mat hirer Stad verbannen. Sënn an Zweck ass et dann och, de Schëfflenger d‘Geleeënheet ze bidden, Biller ze gesinn oder nei ze entdecken, zu deenen si bis ewell wéineg oder kaum Zougank haten. Mee et ass elo net esou, datt dës Ausstellung de Bierger vun der gemeng Schëffleng virbehale wieren.

Wann dës éischt Ausstellung sech wuel op d‘Stad a seng Konschtgeschicht konzentréiert, esou kann een am Kontext vun der „Vakanz Doheem“ erliewen, wéi d‘Liewen an enger Gemeng och d‘Konscht beaflosst. Zum anere soll dës Konschtausstellung och dem kënschtlereschen Dreiwen an der Schëfflenger Gemeng zu engem neie Schwong verhëllefen, an eppes Visibilitéit bréngen.

Schëffleng ass eng flott an dynamesch Gemeng déi wiisst an esou och den Usproch erhieft, sech hir Plaz an der nationaler Kulturlandschaft ze sécheren. D‘Gemeng déi allgemeng ganz vill ze bidden huet, a sech a ville Beräicher fir seng Bierger asetzt, kann dank dem Schëfflenger Konschthaus zu enger weiderer flotter Adress fir déi vill konschtbegeeschtert Mënschen am Land ginn.

D‘Ausstellung „Am Laf vun der Zäit“ weist eng Zesummestellung vu Wierker aus der Kollektioun vun der Gemeng Schëffleng. Dat vum 11. August bis zum 1. September. D‘Galerie „Schëfflenger Konschthaus“ ass op vun Dënschdes bis Samschdes: 10 bis 12 Auer an 13 bis 18 Auer. D‘Adress ass 2, Liberatioun-Strooss / L-3850 Schëffleng.

Illustratioun: © Fernand Bertemes- Kollektioun Gemeng Schëffleng

Related topics Ausstellung, Galerie, Schëffleng, Schëfflenger Konschthaus
Next post Previous post