Search

You may also like

Endlech: geschwënn Zougrëff op nei fossil Energieressourcen
Neiegkeeten

Endlech: geschwënn Zougrëff op nei fossil Energieressourcen

Am Norde vu Grönland leie mat 20°C d‘Temperaturen duebel esou

Lëtzebuerger Presserot fuerdert däitlech méi Zougang zur Informatioun
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Presserot fuerdert däitlech méi Zougang zur Informatioun

Fir hei am Land als Journalist un Informatiounen ze Kommen,

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet
Neiegkeeten

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet

No senger iwwerraschender Entrevue mam Bashar al-Assad um Dënschdeg, versammelt

Schëffleng: De Cycle 2 ass a Quarantän

Schëffleng: De Cycle 2 ass a Quarantän

De Cycle 2 aus dem Fondamental Albert Winger zu Schëffleng gouf a Quarantän gesat. Dëst ass geschitt, well ee Personalmember, deen a ënnerschiddleche Klassen, haaptsächlech awer am Cycle 2 ënnerwee war, a positiv op de Coronavirus getest gouf.

Aus dësem Grond goufen e puer Klassen aus dem Cycle 2 an eng aus dem Cycle 4 ecartéiert (Zeenario 1) an a Quarantän gesat (déi Klass hat schonn een anere Fall). An där selwechter Woch goufen nach 2 Membere vum Léierpersonal positiv getest.

Den 1. Februar, gouf déi ecartéiert Klass getest. Eraus koumen nach 4 weider Coronafäll. Tester déi vun deene Leit gemaach goufen, déi a Quarantän waren, hunn erginn, datt nach 8 weider Fäll identifizéiert goufen. Dat heescht, datt aktuell dräi Klasse vu siwe vum Covid-19 betraff sinn.

Wéinst de villen ausserschoulesche Kontakter huet de Kommitee de pilotage „COVID-19 and education“decidéiert, datt all Klass aus dem Cycle 2 a Quarantän gesat gëtt. Déi gëllt bis den 9. Februar.

Sécherheetshallwer ginn och d’Kanner aus de Cyclen 1,3 a 4 souwéi d’Schoulpersonal vun enger mobiller Ekipp op de Coronavirus getest.

Related topics Albert Winger, Coronavirus, Positiv Fäll, Quarantän, Schëffleng, Schoul, Schoulpersonal, Schüler
Next post Previous post