Bildungsmonitor 2017: Lëtzebuerg schléit sech gutt – et kéint awer besser sinn!
Am Haus vun der europäescher Union um Krautmaart, ass um
Am Haus vun der europäescher Union um Krautmaart, ass um
Wéi a villen anere Länner och, muss een zu Lëtzebuerg
D’Schëfflenger Gemeng engagéiert sech och dëst Joer nees fir den Télévie. Esou wäerten si vum 14. bis den 19. Januar Grouss a Kleng mat Iessen a Gedrénks verwinnen!
Dës Aktioun fënnt op der Fräiheetsplaz zu Schëffleng, all Dag vu 07:00 Auer Mueres bis 17:00 Auer Owes statt. D’Damme vum Sekretariat vun der Schëfflenger Gemeng zerwéiere Kaffie, Kuch, Glühwäin a Schampes – sou ass fir jiddwereen eppes dobäi! Den Erléiss vun dëser Aktioun geet integral un den Télévie.
Méi zur Aktioun Télévie
D’Organisatioun vum Télévie setzt sech fir d’Fuerschung géint de Kriibs an. Och hei zu Lëtzebuerg ginn all Joer méi wéi 2.000 Erwuessener a Kanner mat der Diagnos Kriibs konfrontéiert. Dës Krankheet ka jiddweree vun eis treffen a sou gëllt et een Heelmëttel ze fannen. Scho säit 2002 sëtzt och de Grand-Duché sech dofir an, mat groussen Aktiounen ee méiglechst héijen Erléis ze kréien.
Sou sinn an der Period vun 2002 bis 2018 bei eis am Land iwwer 21 Milliounen Euro an d’Kriibsfuerschung investéiert ginn. Eng onbeschreiflech fantastesch Zuel! An awer stierft nach ëmmer eng vu véier Persounen un dëser Krankheet. All Engagement zielt, an esou kann een nëmmen hoffe méiglechst schnell eng Léisung ze fannen, fir Kriibs heelen ze kennen
Weider interessant Datumer