Search

You may also like

Fir de karitativen Zweck: Adventsmaart am Konviktsgaart
Neiegkeeten

Fir de karitativen Zweck: Adventsmaart am Konviktsgaart

Nächste Samschdeg invitéiert de Konviktsgaart nees op säin traditionellen Adventsmaart. De

Big Business mam Grondwaasser
Neiegkeeten

Big Business mam Grondwaasser

D‘Mineralwaasser aus de Bierger vum franséischen Osten ass bekannt op

Feldhockey boomt!
Neiegkeeten

Feldhockey boomt!

Zënter 2015 huet Feldhockey en exzellente Ruff hei am Land

Covid-19: D’Gemeng Schëffleng ergräift strikt Moossname fir d’Schoulen

Covid-19: D’Gemeng Schëffleng ergräift strikt Moossname fir d’Schoulen

An de Schoule vun der Gemeng Schëffleng bleift d’Situatioun weiderhin ugespaant. Duerch d’Analys vun den Infektiounszuelen am Fondamental huet d’Gesondheetsdirektioun recommandéiert weider Preventiounsmoossnamen anzeféieren, dorënner d’Verlängerung vu Schoul Doheem. Betraff sinn d’Schoulen Albert Wingert, Nelly Stein a Lydie Schmit.

An dësem Kader hunn den Educatiounsministère an d’Gemeng Schëffleng entscheet, den Distanzunterrecht fir d’Schüler aus dem Fondamental nach bis Dënschdes, den 23. Februar 2021 inclus ze verlängeren. D’Maisons Relaisen vun dëser Gemeng bleiwe wärend dëser Period zou. Concernéiert Elteren hunn d’Recht op Congé aus familiäre Grënn.

Dës weidere wäert groussflächeg den Ensembel vun der Schoulcommunautéit op Covid-19 getest ginn. D’Prozedur gëtt Méindes, den 22. Februar 2021 vun den Ekippe vum LNS an d Schoulen organiséiert. Wéini wéi ee Schüler zum Test untriede soll, gëtt den Eltere vun der Direktioun matgedeelt.

Just déi Schüler, déi en negatiivt Resultat kréien, dierfen ab Mëttwochs, de 24. Februar 2021 nees physesch am Cours present sinn.

Opmaacherbild: © United Nations / Unsplash

Related topics Albert Wingert, Educatiounsministère, Fondamental, Gemeng Schëffleng, Homeschooling, Infektiounszuelen, Nelly Stein a Lydie Schmit, PCR-Test, Quarantän, Schoul, Schoul doheem
Next post Previous post